Ass e befestegten a barrièrefräien Zougang op der Ënsber Plage um Stauséi virgesinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Tourismus ze stellen.

D’Ënsber Plage um Stauséi, méi genee de Lieu-dit „an der Bäech“ soll eisen Informatiounen no nei gemaach ginn. Bei dësem Projet ginn et eng Rei Onkloerheeten, wat den Zougang op dëse Site ubelaangt. De Site garantéiert momentan den Zougang zum Solarboot an och en barrièrefräien, befestegten Zougang zum Waasser. Fir vill Leit mat enger Gehbehënnerung ass schwammen eng onersetzlech sportlech Aktivitéit, déi si maache kennen, awer nëmmen wann den Zougang zum Waasser befestegt an och barrièrefräi méiglech ass.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Ass e befestegten a barrièrefräien Zougang op dës Plage virgesinn?
  • Wa jo, wéi gëtt dësen assuréiert ?
  • Wann nee, firwat net ?
  • Fält dësen neien Amenagement vum Site ënnert d’Kompetenz vum Service national de la sécurité dans la fonction publique, vue d’Presenz vum Accès zum Solarboot?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck