Ass d‘Regierung net der Meenung, datt et besonnesch lo an dëser Phase wou d‘Recettë wechbrieche wichteg wier, d‘Gemenge verstäerkt beim soziale Wunnengsbau ze ënnerstëtzen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister Wunnengsbauminister an un Madamm Inneministesch weiderzeleeden.

De COVID-19 bedéngte Lockdown war net nëmmen eng enorm Belaaschtung fir Privatbetriber, och Gemenge wäerten nach laang um Niveau vun hire Finanze mat dëser Krise ze kämpfen hunn. Duerch Corona-Pandemie hunn se dëst Joer eng Rei zousätzlech Käschten ze stemmen (zb den Amenagement vun de Grondschoulen) an ausserdeem sinn däitlech Recetten-Ausfäll fir Gemengen ze erwaarden.

Op Grond vun dësem Ëmstand ass unzehuelen dass d‘Gemenge genau wäerte kucke wéi eng Projete prioritär ëmgesat solle ginn a wéi eng éischter reportéiert ginn.

An esou enger Situatioun dierft eng Gemeng de schouleschen an ausserschouleschen, Sport oder Kultur Projete Prioritéit ginn. Et ass ze fäerten, dass de kommunale Wunnengsbau heibäi ganz gären op der Streck wäert bleiwen.

Zanter Jore seet Regierung, dass de subventionéierten a soziale Wunnengsbau um kommunale Plang absolut Prioritéit erlange soll. Gemenge sollen dobäi verstäerkt zum Partner beim Wunnengsbau ginn

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un den Här Minister Wunnengsbauminister an un Madamm Inneministesch stellen:

  • Ass d‘Regierung net der Meenung, datt et besonnesch lo an dëser Phase wou d‘Recettë wechbrieche wichteg wier, d‘Gemenge verstäerkt beim Wunnengsbau ze ënnerstëtzen sou beispillsweis iwwert e Kompensatiounsfong oder iwwert eng massiv Hausse vun de Subside beim Bau vu soziale Mietwunnengen oder iwwert eng allgemeng Erhéijung vun de Subsiden?

Här President, ech biede lech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck