Ass d’Regierung net der Meenung datt en Austausch tëscht der Regierung an den eenzele Alters- a Fleegeheimer wichteg wier, fir ze koordinéiere wéi eng Mesurë wou missten oder sollte getraff gi fir d’Bewunner ze schützen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun an un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Matt der Hausse vu COVID-19 Infektiounen, klëmmt och d’Suerg an den Alters- a Fleegeheemer datt hir Awunner kéinten infizéiert ginn. Mengen Informatiounen no, ginn et an eenzelen Haiser schonn erëm Infektiounen. Aus dësem Grond ass eng grouss Onsécherheet bei de Responsabele vun de Strukturen an dem Secteur.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung bestätegen datt et rëm Fäll vu COVID-19 Infektiounen an Alters- a Fleegeheemer ginn?
  2. Wa jo, ass d’Regierung net der Meenung datt en Austausch tëscht der Regierung an den eenzele Strukture wichteg wier, fir ze koordinéiere wéi eng Mesurë wou missten oder sollte getraff gi fir d’Bewunner ze schützen?
  3. Stëmmt et datt momentan keng Tester an den eenzelen Haiser gemaach ginn, mee datt d’Bewunner sech musse bei Teststatiounen deplacéieren?
  4. Wa jo, deelt d’Regierung d’Meenung datt et méi sënnvoll wier datt erëm an den Haiser getest gëtt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck