Ass der Regierung bekannt, datt d’Präsidentin vum LNS-Verwaltungsrot, d’Madamm Evelin Schröck, Geschäftsführerin vun der däitscher Firma „GePaDo – Softwarelösungen für Genetik – GmbH“ ass?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

D’Madamm Evelin Schröck ass zanter dem 1. Dezember 2019 Präsidentin vum Verwaltungsrot vum Laboratoire national de santé (LNS). An der Funktioun ass si och fir de Genetik-Departement vum LNS, de National Center of Genetics (NCG) responsabel.

Am Handelsregëster vum Amtsgeriicht Dresden ass d’Madamm Schröck als 1 vun 3 Gérantën vun der Firma „GePaDo – Softwarelösungen für Genetik – GmbH“ opgefouert. Des Informatioun ass och op der Internetsäit vun der Entreprise ze fannen. D’Firma GePaDo ass op d’Entwécklung an d‘Vermaartung vu Praxis- und Laborinformatiounssystemer z.B. fir Genetik a Pathologie spezialiséiert. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Gesondheetsministesch stellen:

  • Ass der Regierung bekannt, datt d’Präsidentin vum LNS-Verwaltungsrot, d’Madamm Evelin Schröck, Geschäftsführerin vun der däitscher Firma „GePaDo – Softwarelösungen für Genetik – GmbH“ ass?
  • Wa jo, féiert des Duebelfunktioun net zu Interessekonflikter?
  • Schafft de Laboratoire national de santé, respektiv den National Center of Genetics mat Software vun der Firma GePaDo?
  • Wa jo, ëm wat fir Programmer handelt et sech?
  • War des Software Géigestand vun enger offizieller Ausschreiwung?
  • Wat huet déi Software kascht?
  • Lafen am Moment nach weider Ausschreiwunge fir spezifesch Software?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck