Ass den Import vu russeschem Flëssegäerdgas och zu Lëtzebuerg an d’Luucht gaangen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister weiderzeleeden.

Laut engem Pressecommuniqué vun der ONG „Global Witness“ importéiert d’Europäesch Unioun aktuell méi Flëssegäerdgas aus Russland wéi virum Iwwerfall op d’Ukrain. An den éischte 7 Méint vum Joer wier d’Quantitéit mat 22 Millioune Kubikmeter LNG aus Russland ëm 40 Prozent eropgaangen – par Rapport zum selwechten Zäitraum 2021, virum Ukrain-Krich.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Energieminister riichten:

Trëfft déi beschriwwen Entwécklung beim Import vu russeschem Flëssegäerdgas op EU-Niveau och op Lëtzebuerg zou?

Wa jo, ëm wéi vill Prozent ass den Import vu Lëtzebuerg am genannten Zäitraum par Rapport zu 2021 eropgaangen a wat sinn d’Grënn dofir?

Wéi gesäit d’Strategie vum Import vu Flësseggas fir déi kommend Méint aus?

Mat Bléck op de kommende Wanter, wéi wäit sinn d’Gas-Späicheren zu Lëtzebuerg aktuell gefëllt?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar                Paul Galles
Deputéierten                   Deputéierten

Zréck