Ass de Sportminister der Meenung datt d’konsequent Applikatioun vun de Reegele vum BMI duerch de „Service médico-sportif“ fir all Sportaarte gëlle sollen oder misst et fir bestëmmte Sportaarten eng Ausnamereegelung ginn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

Virun der grousser Vakanz gouf et e Fall vun engem American-Football-Spiller, dee via de „Service médico-sportif“ seng Lizenz erneiere wollt, do awer ofgewise gouf respektiv laut RTL-Reportage e „Sursis“ bis den 12. September krut. Laut „Service médico-sportif“ ass de Mann ze déck a gouf an d‘„Clinique de l’obésité“ geschéckt. Do gouf him geroden, nach weider medezinesch Rendezvousen ze maachen: bei engem Sportsdokter, enger Dieteticienne, engem Pneumolog an engem Psychiater.

Wéi den American-Football-Spiller am Reportage seet, ass de BMI (Body Mass Index) a sengem Fall de Problem fir d’Erneierung vun der Lizenz. Mee a Sportaarte wéi dem American Football oder dem Rugby bräicht ee Leit vun all Gabarit, seet hien.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Sportminister riichten:

  • Kann den Här Minister de beschriwwene Fall confirméieren?
    • Wa jo, aus wéi engem Grond ass den American-Football-Spiller opgefuerdert ginn, Rendezvous bei engem Psychiater ze huelen?
    • Hält den Här Minister déi konsequent Applicatioun vun de Reegele vum BMI duerch de „Service médico-sportif“ am beschriwwene Fall fir adaptéiert oder ass hien der Meenung, dass et fir bestëmmte Sportaarten eng Ausnamereegelung misst ginn?
  • Sinn nach weider, änlech gelagert Fäll bekannt an op wéi eng Sportaarte bezéien se sech?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar                       Georges Mischo                    Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéierten               Deputéierten                                  Deputéiert

Zréck