Ass de Comité d’indemnisation vun Luxtram och responsabel fir Entschiedegunge fir Commerçanten um Tronçon Gare-Cloche d’Or respektiv Luxexpo-Fluchhafen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

 

Am Finanzéierungsgesetz iwwert de Bau vum Tram vun der Gare op de Kierchbierg ass festgehale ginn, dass Geschäftsleit déi laanscht de Chantier vum Tram leie géife finanziell entschiedegt ginn, wann et duerch de Bau bei hinnen am Geschäft zu finanziellen Abousse géif kommen.

 

Am Exposé des Motifs zum Projet de loi 6626 war dozou folgendes ze liesen: “La mise en œuvre de la première ligne de tram doit également s’accompagner de mesures visant à prendre en compte les conséquences de sa réalisation. Aussi est-il retenu le principe d’une indemnisation amiable des commerçants riverains. Pour ce faire, une commission d’indemnisation devrait être mise en place dont le but est d’examiner les revendications des professionnels implantés dans un périmètre à définir autour du couloir de passage du tram et qui subiraient une perte financière significative sur leur marge commerciale brute. L’examen des dossiers relèvera de critères prédéfinis et il sera suivi d’une proposition d’indemnisation de la part de la commission ad hoc soumise à l’accord de Luxtram, maître d’ouvrage, qui en assumera ensuite la charge financière.

 

An der Fiche financière vum Gesetzestext ass ënnert dem Punkt “Divers et imprévues” dann och een entspriechende Budget fir ënnert anerem d’Entschiedegunge vun de “commerçants riverains” virgesinn. Dëse Punkt vun der Indemnisatioun stoung och an de Fiches financières vun de Gesetzestexter iwwert Tramserweiderunge vun der Gare op Cloche d’Or respektiv vun der Luxexpo op de Flughafe Findel.

 

De 14. September 2017 huet de Conseil d’administration vun “LUXTRAM SA” d’Schafe vun engem “Comité d’indemnisation” decidéiert, deen sech em Entschiedegunge fir Commerçanten um Tronçon Gare-Luxexpo këmmert.

 

D’Bauaarbechten um Tronçon Module Central vun der neier N3 sinn zanter geraumer Zäit am Gaang a bewierken eng Rëtsch Spärungen an der rue Orchimond, am Rangwee an an der rue des Scillas. D’Geschäftsleit an dësem Beräich vun den Aarbechten hunn bedéngt duerch de laangwierege Chantier mat beträchtlechen Ausfäll ze kämpfen.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen

 

  • Ass de Comité d’indemnisation och responsabel fir Entschiedegunge fir Commerçanten um Tronçon Gare-Cloche d’Or respektiv Luxexpo-Fluchhafen?
  • Wei vill Dossier vu Geschäftsleit si bis haut beim Comité d’indemnisation agereecht ginn?
  • Kann den Här Minister eng Opschlësslung pro Tronçon ginn?
  • Wei vill Dossier’en sinn acceptéiert gi respektiv si vum Comité ofgeleent ginn? Wat si d’Grënn vun den Ofleenungen?
  • Wei vill Sue si bis haut un Entschiedegungen ausbezuelt ginn?
  • Ginn déi an de jeeweilege Finanzéierungsgesetzer opgesate Budgeten duer fir d’Entschiedegunge vun de “commerçants riverains” vun de Trams-Chantieren ofzedecken?

 

Här President mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Diane Adehm                             Marc Lies

 

Deputéiert

 

Zréck