Ass de Bio-Aktiounsplang fäerdeg a wéini gëtt en publizéiert ? Wien gouf konsultéiert fir de Plang op ze stellen ?

D’Äntwert op des parlamentaresch Fro fann der hei : QP 1823

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert de Bio-Aktiounsplang un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

 

Laut Regierungsprogramm solle bis 2025 op d‘mannst 20% vun der Agrarfläch biologesch bewirtschaft ginn. Dofir soll en néie Bio-Aktiounsplang opgestallt ginn. An dem Débat iwwert de nationale Klima- an Energieplang vum 19. Dezember 2019 huet den Här Landwirtschaftsminister informéiert, dass de Bio-Aktiounsplang quasi fäerdeg wier an dass en nach am Januar duerch de Regierungsrot sollt goen. Ausserdeem huet den Här Minister präziséiert dass dertëschent mat de Partner nach eng Kéier diskutéiert géif ginn. Laut mengen Informatioune war de Bio-Aktiounsplang bis haut nach kee Sujet am Regierungsrot.

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen

 

·         Ass de Bio-Aktiounsplang mëttlerweil fäerdeggestallt ?

·         Ween ass alles consultéiert ginn ?

·         Wéini gëtt de Plang publizéiert a wéini trëtt en a Kraaft ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

 

 

Zréck