Am Kontext vum Refus fir eng nei Privatschoul zu Miedernach: Ass eng Evaluatioun vum Lycée Ermesinde gemaach ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

D’ASBL “Ecole Nicomaque” huet wëlles, an engem Gebai zu Miedernach eng alternativ Schoul fir bis zu 80 Schüler opzemaachen. Geplangt ass eng Privatschoul fir Kanner vun 3 bis 16 Joer, inspiréiert  vum Educatiounsmodell vum Lycée Ermesinde.  Laut engem rezente Reportage vun RTL gouf déi entspriechend offiziell Demande op Recommandatioun vum Educatiounsministère via Arrêté grand-ducal refuséiert.

“De Ministère stéiert sech ënner anerem dorun, dass d’Konzept vun der École Nicomaque keen Echec virgesäit an och net präziséiert gëtt, wéi eng Kompetenzen d’Schüler mussen erreechen”, heescht et op rtl.lu.

Am Kontext vum Refus vun der Demande fir eng Privatschoul zu Miedernach no engem änleche Modell wéi dee vum Lycée Ermesinde, wéilt ech zu dësem folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister mech driwwer informéieren, ob eng Evaluatioun vum Lycée Ermesinde – 2005 an der Stad gegrënnt an zënter 2012 zu Miersch installéiert – duerchgefouert gouf?
    • Wa jo, wat sinn d’Conclusiounen dovun?
    • Wann net, firwat net?
  • Gedenkt den Här Minister virum Hannergrond vun der rezenter Demande vun der ASBL “Ecole Nicomaque” eng allgemeng Evaluatioun vum Lycée Ermesinde maachen ze loossen?
    • Wa jo, wéini a vu wiem?

An deem Reportage vun RTL geet och nach rieds vun enger anerer Schwieregkeet beim Konzept vun der Privatschoul zu Miedernach: “Méi e fundamentale Problem gesinn de Ministère an d’Regierung doranner, dass an der Ecole Nicomaque solle Produiten a Servicer erstallt ginn, fir déi dann ze kommerzialiséieren. Esou wéi d’Konzept vun der ASBL beschriwwe wier, bestéing de Risiko, datt et zu Kanneraarbecht géif kommen an d’Schoul e Betrib géif ginn. Dat géif een net zouloossen, sou de Lex Folscheid.”

Entreprisë gehéieren awer och zum Konzept vum Lycée Ermesinde, op deem senger Websäit heizou ënner anerem geschriwwe steet: Dans ses entreprises internes, le lycée Ermesinde assure des productions continues de biens et de services à destination d’un public et d’une clientèle externes.  (…)”. An där Beschreiwung geet e bësse méi wäit dann och vun “distribution” a “commercialisation” rieds.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi erkläert den Här Minister de kommerziellen Aspekt vun den Entreprisë vum Lycée Ermesinde par Rapport zum Refus vum Konzept vun der ASBL “Ecole Nicomaque”?
  • Ass dëse spezifesche Volet vum Lycée Ermesinde evaluéiert ginn?
    • Wa jo, wat sinn d’Conclusiounen dovun?
    • Wann net, firwat net?

An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro Nummer 106 vum 18. Dezember 2018 gesäit den Här Minister Bedarf fir eng zweet Schoul nom Modell vum Lycée Ermesinde, am Süde vum Land: À côté de l’offre existant déjà au centre du pays avec le Lycée Ermesinde (LEM) installé à Mersch, la volonté de mon ministère est de voir implanté un établissement scolaire comparable dans le sud du Grand-Duché afin de répondre à un réel besoin pédagogique.”

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi an op Basis vu wéi enge Krittären huet de Ministère dee “besoin pédagogique” festgestallt?
  • Kann den Här Minister mech iwwer den aktuelle Stand vun der Iddi vun enger zweeter Schoul nom Modell vum Lycée Ermesinde am Süde vum Land informéieren?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck