Abusen vum Sozialsystem

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madame Familljeministesch weiderzeginn.

Mir referéieren eis op d’parlamentaresch Ufroen n°84 vum 23. Januar 2014 an n°147 vum 20. Mäerz 2014.

Mir sinn frou ze liesen, datt den Här Staatsminister an d’Regierung eis Suergen deelen wat eventuell Abusen vun eisem Sozialsystem am Kader vum RMG ubelaangen. Mir wieren awer frou gewuer ze ginn, wéi d’Regierung gedenkt op dës gemeinsam Suerg ze reagéieren.

Mir erlaben eis, Madame Familljeministesch, de Kontext vun de virgenannte parlamentaresche Froen nach eng Kéier ze widderhuelen. Wéi de Fonds national de la solidarité (FNS) et an der Sëtzung vun der Logementskommissioun vum 3. Juni 2013 formuléiert huet gëtt z.B. den RMG oft nach u Leit ausbezuelt, déi Lëtzebuerg scho laang verlooss hunn.

Op Basis vum deem Constat ass decidéiert ginn, d’Kontrollen op Gemengenniveau ze verstäerken, wat och zu éischte Resultater gefouert huet.

Leider ass d’Zesummenaarbecht mat verschiddene Biergerzenteren net optimal. Den FNS zitéiert do haaptsächlech zwou grouss Gemengen wou et regelméisseg Problemer ginn tëscht dem Persouneregister an der Situatioun um Terrain an dat well déi betraffe Gemengen net déi néideg Kontrollen duerchféiere géifen.

Aus virgenannte Grënn erlabe mir eis d’Froen nach eng Kéier ze stellen an hoffen op méi präzis Äntwerten vun de concernéierte Ministeren:

  • Wéi vum Här Staatsminister a senger Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum 23. Januar 2014 ugedeit wiere mir frou gewuer ze ginn, ob d’Regierung der Meenung ass, dass een d’Gesetz vum 19. Juni 2013 misst upassen?
  • Wa jo, wéi eng Ännerunge schléit d’Regierung vir an wéini gëtt de betreffende Gesetzestext an der Chamber deposéiert?
  • Wann d’Regierung der Meenung ass, dass d’Gesetz vum 19. Juni 2013 net misst ofgeännert ginn, wéi huet d’Regierung wëlles déi opgedeckte Mëssstänn ze behiewen? Wéi eng Sensibiliséierungsmoossnamen betruecht d’Regierung als ugemooss?
  • Huet d’Regierung schonn ee Groupe de travail an d’Liewe geruff? Wa jo, wéi gesäit d’Zesummesetzung vun dësem Grupp aus? Wann deem net sou ass, kann d’Madame Familljeministesch eis soen firwat?
  • Kann d’Regierung eis detailléiert Zuele liwweren wéi vill suspekt Adressen, d.h. Adressen wou eng Iwwerpopulatioun festgestallt gouf, pro Gemeng ausfënneg gemaach goufen? Kann d’Regierung, dës Zuelen iwwer déi lescht 5 Joere liwweren?

Mat déifstem Respekt,

Marc Lies

Claude Wiseler

Deputéiert

Zréck