Abusen an Frauden beim Ausbezuele vun Sozialleeschtungen

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister weiderzeginn.

Eist Land huet e besonnesch ausgeprägte Sozialsystem, e System de jidderengem hei am Land e mënschewierdegt Liewen assuréiere soll. Leider kennt et bei all System ëmmer nees zu Abusen an och Frauden beim Ausbezuele vun dëse Leeschtungen.

Et ass gewosst, datt et an eise Gemengen uechter Land eng Rei vu Problemer gi wat de Registre de la population ugeet, wat dann zur Konsequenz huet datt eng Rei vu Paiementer an alle Beräicher vun der Sozialhëllef vum lëtzebuerger Staat abusivement ausbezuelt ginn.

Den Här Staatsminister huet annoncéiert, datt Regierungsequipe e Screening vun eisem Sozialsystem an all sengen Depense wäert maachen, vun der Familljeministesch gouf schonn annoncéiert, datt wahrscheinlech verschidde Kierzunge bei der Mammerent, dem RMG an dem Kannergeld wäert kommen.

Dofir wéilt ech gären dës Froen un den Här Staatsminister stellen :

  • Wier et net eng prioritär Aufgab vum Staat d‘Abusen an d’Frauden beim Ausbezuele vu Sozialleeschtungen anzedämmen Ier Kierzungen am Allgemenge géifen duerchgefouert ginn?
  • Envisagéiert déi nei Regierung eventuell e „Groupe de travail“ de genau dës Problematik zu senger Aufgab mëscht fir strikt Kontrollen dobaussen um Terrain zemaachen fir dëse Mëssstand anzedämmen a fir méi Gerechtegkeet suergt ?

Mat déifstem Respekt,

Marc Lies
Deputéierten

Zréck