Notzungsrechter vun de Medien vum Grand-Duc senger Chrëschtdagsried

Eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten Serge Wilmes un den Här Minister vun de Medien

Här President, 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer d’Notzungsrechter vun de Medien vum Grand-Duc senger Chrëschtdagsried, un den Här Minister vun de Medien, weiderzeginn.

 
All Joers hält de Grand-Duc op Hëllegowend eng Ried, déi vun der eenzeger lëtzebuergescher Televisiounschaîne iwwerdroe gëtt. An der Tëschenzäit ginn et niewend där konventionneller Televisiounsoffer awer och eng sëllege Medien, déi hire Clienten Videoreportagen um Internet ubidden. Eng vun dësen Offere gëtt vum Onlinenoriichtendéngscht vun der gréisster lëtzebuergescher Dageszäitung gemaach. Dës Dageszäitung wollt, eegenen Informatiounen no, dem Staatschef seng Ried als Video op hiren Internetsite setzen. Si hunn sech an deem Sënn un de groussherzoglechen Haff geriicht, deen si un d’lëtzebuergesch Televisiounschaîne vewissen huet, well dës d’Exklusivrechter un der Iwwerdroung vum Grand-Duc senger Ried huet. Déi betraffen Dageszäitung huet awer zu gudder Lëscht drop verzicht fir d’Ried online ze setzen, well se fir d’Rechter ze kréien, hätt bezuele missten.
 

An deem Kader wéilt ech dem Minister vun de Medien dës Froe stellen:

 
  • Här Minister, ewéi ass d’Iwwerdroung vun dem Staatschef senger Ried duerch déi eenzeg lëtzebuergesch Televisiounschaîne genee geregelt? Ewéi kënnt et, datt dës Televisiounschaîne d’Exklusiviwwerdroungsrechter op der Ried vum Grand-Duc huet?
 
  • Sidd der net der Meenung, datt well déi uewengenannten Televisiounschaîne net méi dat eenzegt Medium am Land ass, dat audio-visiuell Reportage produzéieren an ubidde kann, an Zukunft och aner Medienhaiser dem Grand-Duc seng Ried solle gratis däerfen iwwerdroe kënnen oder esouguer op der Plaz filmen an iwwerdroen däerfen?

Här President, ech bieden Iech mäin deiwste Respekt unzehuelen.  

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck