Application du système TMC (Traffic Message Channel) au Luxembourg

Une question orale de Monsieur le député Gilles Roth à Monsieur le Ministre du Développement durable et des Infrastructures















Haerr President,

Déi leschten Deeg gouf et nawell zolidd Stauen op de lëtzebuerger Autobunnen.

Besonnesch betraff war dës Kéier de Westen vum Land.

Gëschter, um Méindeg Moien, géint 11 Auer goufen ët iwwert 10 Kilometer Réckstau bis wäit an d’Belsch eran.

Ech brauch net ze soen dass och all aner Nationalstroossen an der Géigend, mat blokéiert waren.

D’Ursach waren Arbechten op der Autobunnsbréck iwwert dem Mamerdall.

Ech wëll hei net d’Organisatioun vun denen Arbechten an Fro stellen, déi jo sécherlech mussen eng Kéier gemach ginn.

Allgemeng, muss een sech awer froen op hei am Land all d’Méiglechkeeten genotzt ginn fir esou Stausituatiounen besser an de Grëff ze kréien.

An de Nopeschlänner funktionnéiert e sougenannten TMC Leitsystem, dës Ofkierzung steet fir Traffic Message Channel.

Staumeldungen ginn domat digital iwwert een UKW Signal gesendt.

Déi modern Navigatiounssystemer an den Autoen empfaenken dës Staumeldungen. Si erstellen gläichzäiteg Routen fir esou Stauen ze emfueren.

An dësem Kontext wëll ech folgend Froen un den Nohaltegkeetsminister stellen:

  • Wéini gëtt den TMC system, deen an eisen Nopeschlänner gudd funktionnéiert och hei am Land operationnel?















  • Denkt d’Regirung drun op weider, eventuell aner Informatiounssystemer, am Kader vun Stauen zréckzegräifen? Wéi steet et hei mat dem CITA?








  • Gëtt net dru geduecht fir d’Alternativstrekken am Kader vun engem gréisseren Stau, besser opzezechen, an déi virun allem dann méi flëssseg ze machen?

 

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren

Gilles Roth

 








Zréck