Dës Atelieren ginn an Zesummenaarbecht mat der CSG, de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit, organiséiert. Insgesamt ginn aacht verschidden Atelieren op dräi Owenter ofgehal.
Um éischten Owend, mëttwochs, den 1. Juni, ëm 19:00 Auer, geet et ëm Themen:
Wunnengsbau: Koordinator Marc Lies
Ëmwelt: Koordinator Marco Schank
D’Atelieren fanne bei de Franziskanerschwësteren um Belair (50, avenue Gaston Diderich; L-1420 Luxembourg) statt.