Formatiounsmoie Gemengewahlen

D’Formatiounen am Kader vun der CSV-Akademie stoungen am Hierscht 2016 an am Fréijoer 2017 ganz am Zeeche vun de Gemengewahlen. Fir awer och deene Kandidaten, déi méi spéit designéiert goufen, nach d’Méiglechkeet ze ginn, u Formatiounen deelzehuelen, organiséiere mir e Samschdeg, 2. September, e Formatiounsmoien iwwert d‘Gemengefinanzen, d‘Gemengen an hirem deegleche Fonctionnement, d‘Gemengekompetenzen an iwwer Kommunikatioun a perséinlecht Optrieden.

Méi Informatioune kommen nach no. Mellt Iech am Generalsekretariat bis Donneschdeg, 31. August, un (225731-1 / [email protected]).