CSV-Forum Psychiatrie

Foren sinn d’parteiintern Plattformen, déi all Member opstinn fir iwwer wichteg politesch Froen matzediskutéieren.

Déi psychesch Gesondheet ass zesumme mat der kierperlecher Gesondheet d’Viraussetzung fir d’Wuelbefanne vum Mënsch. Déi psychesch Stéierungen an de psychosoziale Stress an eiser moderner Gesellschaft sinn net nëmmen eng grouss Erausfuerderung fir d’Gesondheetspolitik. Mir wëllen méiglech Weeër fir d’Zukunft mat Iech zesummen diskutéieren ënnert der Leedung vum Sylvie Andrich-Duval.