CSV-Forum Edukatioun, 1 Deel Grondschoul

CSV-Forum Edukatioun, 1 Deel Grondschoul

Fir d’CSV ass d’Educatioun vun eise Kanner, an domatter d’Schoulpolitik, ee vun de wichtigste Pilieren an eiser Gesellschaft.

Wat sinn d’Grondviraussëtzungen, déi een Enseignant muss erfëllen?
Wéi soll de Précoce an Zukunft organiséiert ginn?
Wéi kënne mir optimal mat der Hétérogénitéit ëmgoen?
Wéi kënne mir eng optimal Differenzéierung garantéieren?
Wéi soll an d’Zukunft d’Gouvernance vun der Grondschoul ausgesinn?
Wéi kann am beschte mat der “Maison relais” zesummegeschafft ginn?…

Am Kader vum CSV-Forum wëlle mir déi richteg Froe stellen an déi richteg Äntwerte formuléieren, zesummen mat eisen interesséierte Memberen. Jiddereen ass invitéiert matzemaachen.