Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 79 Questions parlementaires 20 Januar '22 Rezent goufen eng Rei Konzepter entwéckelt fir de Luedevirgang beim E-Auto ze vereinfachen. Ginn et Konzepter vun der Regierung fir zousätzlech an esou Start-Up’en vun der Elektro-Mobilitéit ze investéieren déi des Technologie fërderen? 20 Januar '22 An Däitschland hu Querdenker Dreebréiwer u Schoulen, Léierpersonal a Crèchë verschéckt. Huet de Minister Kenntnis vun esou Virfäll a Schoulen, Lycéen an/oder Crèchen hei zu Lëtzebuerg ? 20 Januar '22 Wéi vill Mannerjäreger goufe pro Joer als vermësst gemellt teschend 2018 an 2021 ? 20 Januar '22 Wéi eng Mesuren sinn aktuell en Place, fir déi korrekt a gewëssenhaft Duerchféierung vun de Schnelltester am Enseignement ze garantéieren ? 14 Januar '22 Ass de Rapport vum Comité interministériel iwwert d’Suergfaltfliicht an d’Liwwerkettegesetz scho prett? 14 Januar '22 Wéi vill Prozent vun den ëffentleche Gebaier si mat enger Solaranlag ausgestatt a wat ass d’Zilsetzung fir 2030? 10 Januar '22 Wéini an an wéi enger Reiefolleg ginn d’ Invitatiounen fir déi Jonk ab 12 Joer eraus ? 10 Januar '22 Ass d’Madamm Ministesch sech der Urgence nom Bau vun zousätzleche Strukturen respektiv dem Ëmbau vu bestoenden Immobilien fir Jugendlech, deenen méi schwéier Vergoen zu Laascht geluecht ginn, bewosst ? 10 Januar '22 Op wéi enge wëssenschaftlechen Erkenntnisser baséiert d’Decisioun, fir keng Loftfilteranlagen an de Schoulen anzesetzen? 07 Januar '22 Attaques physiques et verbales contre les forces de l’ordre lors des manifestations « anti-Covid » : Combien de procès-verbaux pour rébellion et autres infractions ont été rédigés? 76777879808182