Gëtt aktuell zu Lëtzebuerg KI am Justizberäich agesat?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement dat virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

An engem rezenten Artikel aus der „Süddeutsche Zeitung“ iwwerschriwwen mat „Sortiermaschinen“ geet rieds vu kënschtlecher Intelligenz (KI) a wéi dës Technologie an Zukunft am Justizberäich kéint agesat ginn. Dat kéint de Richteren hir Tâche erliichteren, biergt awer och Risiken. An Nordrhein-Westfalen géif d’Politik d’Fuerschung op dësem Gebitt „forcéieren“. An den USA kommen haut schonn sougenannten „Recommender-Systemer“ an den Asaz fir z.B. d’Réckfallprobabilitéit vu Stroftäter ze berechnen an de Richteren op där Basis Recommandatiounen mat op de Wee ze ginn.

 

Zu München entwéckelt eng Start-Up eng Software, déi unhand vun Algorithmen, Äusserungen mat strofrechtlechem Charakter aus de soziale Medien, rausfiltert. D’Algorithmen leeschten eng Aart Viraarbecht.

 

Ech wéilt duerfir folgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

 

  • Gëtt aktuell zu Lëtzebuerg KI am Justizberäich agesat?

 

  • Gëtt et zu Lëtzebuerg Fuerschung a Saachen KI fir de Justizberäich ?

 

  • Wa jo, op wéi eng Felder bezitt sech dës Recherche ?

 

  • Sollt dat net de Fall sinn, ass d’Justizministesch der Meenung, dass och zu Lëtzebuerg Fuerschung op deem Gebitt bedriwwe soll ginn ?

 

Mat déifstem Respekt,

Léon Gloden
Deputéierten

Zréck