Questions parlementaires

De Projet “Europa-Cloud Gaia X” gesäit d’Schafen vun enger europäescher Dateninfrastruktur vir, grad wéi och e Sécherheetsnetzwierk fir aussereuropäesch Reguléierungen an extra-territorial Uspréch. Wéi ass déi Lëtzebuerger Positioun zu der “Gaia X”?

Weiderhinn all Dag Stau am Tossebierg. Wat ass no den Ukënnegunge vum Minister viru gutt 3 Joer geschitt ?

Biogasanlag zu Réiden soll Bonus vun 2016 zeréck bezuelen a kéint existentiell Problemer kréien. Ass d’Regierung bereet ze hëllefen ?

Wat géif eng harmoniséiert Besteierung vun de GAFA bedeiten a wéi vill Entreprisen zu Lëtzebuerg wäre betraff ?

Glyphosat Verbuet vun 2021 un : Wéi gesäit d’Exit- Strategie aus a sollten d’Entschiedegunge fir landwirtschaftlech Betriber net awer verlängert ginn ?

Hausse vun Akzisen soll och fir landwirtschaftleche Mazout gëllen : Ass eng Kompensatioun fir d’Bauere virgesinn ?

D'Äntwert fannt Dir hei

Coronavirus : Europaschoule rode Schüler, déi an der Vakanz a betraffene Regioune waren, doheem ze bleiwen. Wéi gesäit et mat den ëffentleche Schoulen aus ?

Euthanasie : Gëtt genuch informéiert a wéi kann de Wonsch vu betraffene Patiente besser respektéiert ginn ?

D'Äntwert fannt Dir hei

Gouf et eng Zort “Geheim-Dîner” vum Ausseministère iwwert eng eventuell Unerkennung vu Palästina ?

Wat fir eng Therapie fir d‘Kanner vu sexuellem Mëssbrauch ?