Questions parlementaires

Wéi gesäit et mat den Urgencen aus, wann ee gesondheetlech Probleemer mat den Aen huet. Déi ginn net an all Spidol assuréiert, well dat gesetzlech net definéiert ass.

De C.R. 134 tëschent Manternach a Mäertert war fir bal drësseg Méint praktesch onënnerbrach aus verschiddenen Ursaache gespaart. Wärend dëser Zäit huet de Verkéier missen ëmgeleet ginn an d´Leit aus der Géigend hu vill Ëmweeër misse fueren.

D’Ubidder vu private Sproochecouren hunn duerch den Covid-19 en Abroch vum Ëmsaz bis zu 90%, kréien allerdéngs keng finanziell Hëllef vum Staat.

Iwwerfëllten ëffentlech Transportmëttel : Wéi schätzt de Minister d’Ustiechungsgefoer an, a wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen?

Gedenkt d’Regierung Ofbéi-Assistenten fir Camionen a Bussen fir déi bestehend Gefierer obligatoresch ze maachen an eventuell ze subventionéieren?

Gëtt et ee Manktem u Beroder bei der ADEM a kréien d’Betriber dowéinst eventuell net genuch Kandidate fir fräi Plaze virgeschloen?

Wat sinn d’Ursaachen datt de “Lux Future Lab”, eng Institutioun vun der BGL BNP Paribas hei zu Lëtzebuerg, fir Start-Uppen ze fërderen, am Januar seng Dieren definitiv zoumécht?

Firwat ass déi Hëllef iwwer Telefon, wou d’Leit sech iwwer d’Covid-Tester informéiere kënnen, respektiv Rendezvousen fir Tester ufroen, net gratis?

Laut Informatioune vum Gesondheetsministère vum 22. Juli ginn et hei am Land aktuell 33 Clusteren: Dovunner 12 a Schoulen oder Lycéeën. Wat bedeit dat fir d’Preparatioun op d’Schoulrentrée 2020/21?

Ass den Transfert vu perséinlechen Daten an d’USA nach ëmmer méiglech ? Wéi bedeit hei konkret d’Urteel vum Europäesche Geriechtshaff an der Affär Schrems/Facebook ?