Questions parlementaires

Wéi ass d’Positioun vun der Regierung a Punkto Antikierpertester ? Wisou sinn dës Tester net schonn éischter bestallt ginn sou wéi an eisen Nopeschlänner ?

Wann ee wärend 5 Joer e Beruff am Gesondheetssecteur net ausgeüübt huet, muss e Cour de Recyclage maache fir zeréck an de Beruff goen ze kënnen. Des weideren gëtt et fir Leit an der Pensioun Anticumulbestëmmunge wann si nach eppes zousätzlech verdéngen. Gëllen des Mesuren och fir d’Reserve Sanitäre, oder sinn do aner Moossname geplangt?

Verschidde Gemengemandatairen si kierzlech wärend hirem Congé politique entlooss ginn. A wéi fern ass een zu Lëtzebuerg géint eng Kënnegung am Congé politique protegéiert ?

Verschidde Betriber kruten de Chômage partiell net accordéiert, wëll hir Aktivitéiten net oder net méi vun der Pandemie betraff sinn. Wéi eng Aktivitéiten sinn dat a wéini ass dës Decisioun vun der Regierung getraff ginn ?

Gouf et schonn zu Lëtzebuerg Fäll, wou Batterien an Autoen ofgebrannt sinn, wouduerch et zu enger komplizéierter Entsuergung komm ass?

De Minister fir Immigratioun an Asyl huet op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt de Centre de rétention nëmmen nach Männer empfänkt. Wisou ass dann kierzlech eng italienesch Mamm mat hirem 3 järege Kand do placéiert ginn ?

Hunn d’Autoritéite kierzlech eng nei Evaluatioun vun der Gefor vum Terrorismus duerchgefouert ?

Wat sinn d’Konsequenzen vum Lockdown fir de Lëtzebuerger Sport ?

Wéi ass d’Positioun vu Lëtzebuerg géigeniwwer den tierkeschen Attacken géint de President Emmanuel Macron ? 

Ass d’Kommerzialiséierung vun Terrainen fir d’Juegd vum Ëmweltministère virgesinn a reglementéiert ?