Eis Chancen notzen

Mir sinn eng Vollekspartei. Fest verankert an der Mëtt vun der Gesellschaft. Dat hu mir bei de Gemengewahlen nees ënner Beweis gestalt. Als eenzeg Partei ass d’CSV an alle Proporzgemengen ugetrueden. Op de Bezierkskongresser wäerte mir Bilanz zéien.

Op de Kongresser vun den Ënnerorganisatioune wäerten hir Iddie fir d’Zukunft diskutéiert ginn. Elo gëllt et déi nächst Erausfuerderungen am Bléck ze hunn. Dëst Joer bitt d’Chance vum politesche Wiessel. Mir wëllen déi Chance notzen. D’Opstellung vun de Kandidatelëschten ass am Gaang a wäert de 24. Mäerz um Konvent zu Ettelbréck ofgeschloss ginn. Am Fréijoer wäerte mir eis politesch Prioritéite mat de Biergerinnen a Bierger diskutéieren. Virun der Summerpaus wäert och de Wahlprogramm vum Nationalrot ugeholl ginn.

Mir si prett!

Laurent Zeimet
Deputéierten a Generalsekretär