Martine Hansen iwwert Reform vum Secondaire

Den Interview vum Martine Hansen um 100,7:

Source: Radio 100komma7: https://www.100komma7.lu/program/episode/121202/201601210730-201601210750

“Et muss garantéiert ginn, datt am ganze Land eng selwecht Qualitéit vun Enseignement kann ugebuede ginn”, seet d’CSV-Deputéiert d’Martine Hansen als Reaktioun op dem Claude Meisch säin neit Konzept fir Lycéesreform.

Den DP-Educatiounsminister huet annoncéiert, datt déi geplangte Lycéesreform vu senger LSAP-Virgängerin Mady Delvaux, duerch e neie Gesetzestext ersat soll ginn, deen nach net virleit. Am Mee 2013 war de Projet de loi vun der viregter Regierung deposéiert ginn.

D’Martine Hansen fuerdert e klore Gesetzkader fir d’Lycéesreform.“Et wär schued wann den ale Projet – mat all der Aarbecht déi dohannert stécht – komplett vum Dësch géing kommen”.

Duerch d’Gespréich huet  d’Mick Entringer geféiert.