D’Finanzplaz an Déngschtleeschtungen ëm d’Finanzplaz sinn de wichtegste Pillier vun der lëtzebuerger Economie. Wat fir Méiglechkeeten hunn déi politesch Akteuren fir d’Finanzdéngschtleeschtungen, déi zu Lëtzebuerg an déi vu Lëtzebuerg aus geleescht ginn, weider ze entwéckelen an ze differenzéieren ?
Am 4. Forum, den vun der CSV organiséiert gëtt, steet d’Entwécklung vun der Finanzplaz an de Finanzdëngschtleeschtungen am Mëttelpunkt. De Forum gëtt geleet vum Laurent Mosar.
Den CSV-Forum ass Diskussiounsplattform fir de parteiinternen Débat iwwer déi wichteg politesch, sozial an ökonomesch Froen vun eiser Zäit.
All CSV-Member ass invitéiert, matzemaachen.
PROGRAMM
18.00 AUER /// ACCUEIL
18.30 AUER /// INTRODUKTIOUN
18.45 AUER /// DISKUSSIOUN
- D’Verännerungen op der Finanzplaz (Internationale Wettbewerb, nei Aktivitéiten a Produiten, d’Promotioun …)
- Reglementatioun am nationalen, europäeschen an internationale Kontext
- Digitaliséierung
- Formatioun, Emploi, Rekrutéierung vu Kompetenzen
20.15 AUER /// SYNTHÈSE A CONCLUSIOUNEN