“Esoulaang wéi 25000 Kanner weltwäit all Dag un Honger stierwen, esoulaang ass Europa mat senger Aufgab an der Welt net fäerdeg. Europa ass net nëmme fir sech selwer erfonnt ginn.” 50 Joer Projet Europa. Deklaratioun vum Premier Jean-Claude Juncker
50 Joer Traité de Rome, Deklaratioun vum Premierminister Jean-Claude Juncker an der Chamber
Här President, merci fir Är léif Wierder.
D’Madame Flesch, déi mer och d’Éier gemaach huet gëschter zu Paräis dobäi ze sinn, huet elo just gesot, ech géif elo zu den Onstierfleche gehéieren. Ech géif, well dat fir eng gewëssen Endemotioun am Land gesuergt huet, soen, datt dat reng symbolesch gemengt ass an als een, dee sech och hei am Haus schonn heiansdo onstierflech blaméiert huet – net nëmmen hei am Haus – sinn ech frou iwwert déi Compensatioun déi d’franséisch Republik mer do offréiert.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
de 24. a 25. Mäerz feiren d’Staats- an d’Regierungschefe vun der Europäescher Unioun an der däitscher Haaptstad – bis viru wéinege Joren nach eng gedeelte Stad am Häerz vun Europa – de 50. Gebuertsdag vun der Europäescher Unioun.
Dir wësst, aus Ärem perséinleche Liewen, mir wëssen aus dem Liewe vun eise Famillen, datt dat esou eng Saach ass mat de Familljentreffen. Wa mer éierlech sinn, freet ee sech net ëmmer dodrop. An et freet ee sech, muss ech dohinner goen? A wann ech dohinner ginn, wat maachen ech eigentlech do? Wat hunn ech nach mat deene Leit, déi deeselwechten Numm hunn wéi ech gemeinsam? Gëtt et nach eppes wat mech zwéngend an dee Kreess vu menger Famill do erandreift oder ginn ech mer net selwer duer? Sinn ech net selwer wichteg genuch? Brauch ech déi aner iwwerhaapt? Brauch ech déi, déi deeselwechten Numm droe wéi ech? A wat sinn dat fir Leit? A sinn dat eigentlech nach déiselwecht Leit wéi déi, déi viru laange Joren eis Famill gegrënnt hunn?
A wann een dann e bëssen do ass, well et muss ee jo awer dohinner goen, no e puer Stonnen, heiansdo eréischt ganz zum Schluss, stellt sech dann awer op eng, jo, bal wundersam Aart a Weis, nodeem ee wochelaang gezéckt huet ob een iwwerhaapt soll dohinnergoen, dat Gefill an: dach, mir gehéieren awer zesummen, och wa mer eis heiansdo op eisen eegene Liewensweeër auserneebewegen an eis mat eiser eegener Konjunktur a mat eisem eegenen Ego staark beschäftegen. Wa mer dann esou zeréckdenken un den Ursprong vun eiser Famill an dann eigentlech, well mer deen Ursprong dann als eppes gemeinsam Verpflichtendes empfannen, och un dat wat de Moment lass ass an der Famill, da mierkt een awer: dach, mir sinn eng Famill an eigentlech sinn ech ouni déi Famill net ganz vill wert.
An esou mengen ech ass et och mat der Europäescher Unioun a mat der kontinentaler Famill, déi sech an der Europäescher Unioun zesummefonnt huet. An dofir fueren ech och gären op Berlin, fir mat de Staats- a Regierungschefen, Kollegen – vill vun hinne Frënn – vun der Europäescher Unioun, dee 50. Gebuertsdag do ze feieren. Grad, obschonn ech déi Feier eigentlech am Ufank, wéi ech iwwert déi Familljefeier nogeduecht hunn, léiwer zu Roum gesinn hätt stattfannen, op Berlin. Well et gëtt keng Stad an Europa, déi esou symbolträchteg ass fir dat wat Europa geschitt ass, wat Europa mat sech selwer gemaach huet a wat Europa mat deenen aneren an der Welt gemaach huet, wéi grad déi Stad, déi a Stécker gerappt gi war an déi stoung, symbolträchteg wéi och a Wierklechkeet fir deen terriblen Nokrichsdekret, deen eigentlech gewollt hätt, datt Europa op éiweg géif a mindestens zwee Lager gespléckt bleiwen.
An dat ass eng gutt Plaz an eng gutt Geleegenheet fir Europa mol eng Kéier anescht ze kucke wéi mer dat soss maachen. Séier dacks schwätze mer iwwer Europa, da kucke mer mat Arroganz vum gefestegten Nationalstaat e bëssen arrogant, condescendant, herablassend an erofschätzeg op dat Europa erof.
Dee gudde Bléck op Europa kann een zwar och kréien, wann een de Vullebléck hëlt, well da gesäit ee wéi kleng datt Europa an der Welt ass. Mä de ganz richtege Bléck vun Europa kritt een, net wann een Europa vun uewe kuckt, mä wann een Europa duerchkuckt, am Sënn vun duerchblécken, andeem ee probéiert an deem Bléckfang alles dat ze sammele wat déi Europäesch Unioun, deen europäesche Kontinent esou wéi e war, esou wéi en ass, esou wéi e ka ginn, ausmécht.
Da mierkt een nämlech, datt Europa wuel eng Plaz ass, mä net nëmmen eng Plaz. Europa ass eng Iddi, ier et eng Plaz ass. An d’ganz Geschéckerlechkeet vun der euopäescher Politik an domat och vun den Nationalpolitiken an Europa besteet doranner, fir déi Iddi op déi Plaz ze bréngen a fir déi Plaz mat der Iddi, lues mä sécher, geuerdnet, harmonesch mat sech selwer wuessen ze loossen. A wann ee kuckt wéi no datt mer déi Plaz an déi Iddi beienee kritt hunn, versteet ee munech europäesch Opreegunge vum Moment net ganz gutt, well da gesäit een op eeemol, esou wéi um Enn vun enger Familljefeier oder während der Familljefeier, datt dat jo eigentlech alles schrecklech vill Sënn mécht, wat mer do am gaange sinn ze maachen an datt déi Leit, déi zesummen eppes maachen, zesumme gehéieren an datt se kënnen houffreg sinn op dat wat se zesumme gemaach hunn. Da mierke mer vläicht méi staark wéi soss, datt dat esou selbstverständlech net war, datt mer déi Ididi vum Fridden op déi Plaz Europa bruecht hunn, wou déi Iddi an de leschte Jorhonnerten eigentlech ni eng Plaz hat, well mer regelméisseg, schwéier Konflikter haten, net mat de Mëttel vum Fridden, mä mat de Mëttel vu Gewalt, vun Dominatioun, vun Nidderkréiewëllen déi Problemer, déi Konflikter, déi Schwieregkeeten, déi Zäsuren, déi Déchiruren déi mer mateneen hunn, mateneen ausgedroen, esou zwar datt den europäesche Kontinent iwwer laang Jorhonnerten de martyriséierte Kontinent virun allen anere Kontinenter war.
Dee Fridden, dee mer fäerdeg bruecht hunn – Leeschtung fir déi d’ganz Welt eis bewonnert – ass eppes wat mer solle fest unhalen an dee net selbstverständlech ass. Déi Iddi vum Fridden – denkt zréck virun 10 Joer u Bosnien, wou vun den Hiwwele vu Sarajevo erof d’Mammen an hire Kichen doudgeschoss gi sinn, wann se am gaange waren hir Kanner ze nieren. Denkt zréck virun e puer Joer am Kosovo, wou Vergewaltegungen, wou Kannermord, wou Konzentratiounslager op der alldeeglecher, wat fir déi Betraffen all Sekund war, Realitéit stoung.
Déi Europäesch Unioun huet et fäerdeg bruecht, Stabilitéit op eisem Kontinent ze schafen, aus dem staarke Wëssen eraus, datt onstabill Verhältnisser erëm séier déi al Dämone déi d’europäesch Landschaften esou laang bewunnt hunn, kéinten zréckruffen. Dofir hu mer d’Europäesch Unioun, well och déi Länner dat wollten, no Mëttel- an Osteuropa erweitert.
Denkt drun, datt mer zanter 1989, deem Dag wou d’Berliner Mauer gefall ass, an Europa an direkt ronderëm Europa et erlieft hunn, datt 23 nei Staaten entstane sinn. Wann een déi 23 nei Staaten, besonnesch déi, déi am Häerz vun Europa louchen, net festgemaach hätt, verankert hätt an där Solidaritéits- a Friddenssphär déi d’Europäesch Unioun duerstellt, da wieren déi zentrifugal Kräfte mat enger explosiounsaarteger Gewalt iwwert deen alen an neie Kontinent Europa eragebrach, da wiere Grenzkonflikter lassgetruede ginn, da wieren ethnesch Konflikter bis hannenhinner ausgelieft ginn, dann hätten déi just zréckfonnten national Souverainitéite sech ausgetobt esou wéi fréier Nationalisten an Europa sech konnten op de Wee maachen, ouni datt se agefaange gi wieren an deem Stéck vun hinnen, wat pickt a wat wéi deet duerch déi europäesch Klamer, déi mer 1957 an der italienescher Haaptstad probéiert hunn opzezeechenen an déi sech als eng erausgestalt huet, déi de Kontinent op eng, wéi ech hoffen, durabel Aart a Weis zesummenhält an zesumme gefléckt huet, well dee Kontinent war reparaturbedürfteg.
Denkt drun, wa mer feieren, datt mer dee gréisste Bannemaart vun der Welt gi sinn, datt mer déi Tragik, déi wirtschafltech Tragik vun der Subdivisioun vun den ökonomeschen Ënnerreim opgehuewen hunn, dodouerch, datt mer dee gréisste Maart vun der Welt an domat déi zweetstäerkste Wirtschaftsmacht vun der Welt fäerdeg bruecht hunn, regelrecht, et sinn der jo vill heibannen déi dorunner deelgeholl hunn, fabrizéiert hunn. Dat war net nëmmen eng grouss Iddi, dat war och vill handwierklech Aarbecht déi een huet misse maachen. D’Regierungen, déi successiv, zanter 1985, hunn dat gemaach, d’Parlamenter, och heiheem, selbstverständlech och.
Denkt drun, datt mer eppes fäerdeg bruecht hunn an där Europäescher Unioun, nieft deem Friddenswierk, nieft dem ökonomeschen Opbau, nieft där Stabilitéitssécherung déi mer hikritt hunn, wat keen eis zougetraut hat a wat mer eis selwer net zougetraut haten, nämlech bis haut 13 Währungen zu enger einheitlecher europäescher Währung ze fusionnéieren. Liest no, d’Debatten iwwert de Maastrichter Vertrag, déi déi mengen si hätten ni Zweifel dorunner gehat, och hei am Haus. Esou extrem zahlreich ware mer net fir dee staarke Glaf hei ze vermëttelen, datt mer déi europäesch Währung géifen hikréien an déi Zweifelen déi sech duerch d’Debatten heibanne gezunn hunn, waren der déi een iwwerall an Europa a wäit iwwert d’Genze vun Europa eraus ëmmer erëm konnt feststellen.
Et ass déi bis haut schlëssegsten Äntwert vun den Europäer op d’Globaliséierung, besonnesch op hir negativ Ausflëss. Den Euro schützt eis, e schued eis net, e mécht eis méi staark, e gëtt eiser monetairer Souverainitéit ee séier relative Begrëff, ëmmer zu Lëtzebuerg eng Dimensioun, déi d’Grenze vun eisem Land, d’Kraaft vu sengen eegene Méiglechkeeten ëm een Onendlecht méi grouss mécht, dodurech, datt mer – dat war fir eis méi einfach wéi fir anere – net fonnt hunn, een alleng wier alles, mä gesinn hunn, datt mer zesummen alles kënne fäerdeg bréngen.
Stellt Iech Europa vir, haut, haut de Mëtteg, wéi et géif ausgesi wa mer d’Erweiderung no Ost- a Mëtteleuropa net gemaach hätten. An alleguer déi Konflikter op eng indirekt Aart a Weis, wahrscheinlech esouguer op eng direkt Aart a Weis, sech hätten an eis Géigenden importéieren gesinn. A stellt Iech vir, den Euro wier net do gewiescht am Moment vum Irakkrich, am Moment vum 11. September zu New York an zu Washington, am Moment vun de südostamerikaneschen, russeschen, mexikaneschen a latäinamerikanesche Finanzkrisen, am Moment vun dem duebelen “Nee” zu de Referenden an Holland an am Frankräich.
De ganzen Desaster, den ökonomesche vun deem mënschleche Leed durech d’Net-Léisung vun de Konflikter, déi durech d’total Expansioun vun de Souverainetéiten an Europa entstane wier, ass sech net virzestellen. A well mer eis et net virstelle kënnen, wësse mer och dat net ze schätze wat mer hunn. Den Euro ass Friddenspolitik mat aneren Mëttelen. Näischt anescht wéi dat. Dat huet net nëmmen eppes mat Währungen ze dinn, dat huet net nëmmen eppes mat Zentralbanken ze dinn, dat huet eppes mat dem Import vun enger Iddi op eng geplote Plaz, an déi heescht Europa, ze dinn an esou muss een dat gesinn.
A well mer esouvill Grënn hu fir houffreg ze sinn, hu mer och esouvill Grënn fir dat Integratiounswierk do virunzeféieren. D’Erweiterung fir d’éischt, net wéi bis elo. Net wéi bis elo, net nëmme well d’Leit se net wëllen, mä net wéi bis elo, well dat an der Endkonsequenz kee schlëssege kontinentale Konzept ass fir jiddweree mat där selwechter Intensitéit, mat där selwechter Gradegkeet – fir mol eng Kéier een däitschen Neologismus ze probéieren – an eis zukünfteg Realitéit anzeféieren, mä ze probéieren Europa richteg ze duerchkucken, richteg ze duerchblécken a sech ze froen, ze richen och, ze spieren, ob da wieklech jiddwereen am selwechte Mooss an déi europäesch Kärfamill gehéiert wéi déi 15, déi dra waren an déi 27 déi elo dra sinn. Oder ob et net besser ass, ronderëm ee Kär, deen ee muss fixéieren – ech schwätzen net vun Iddie vu Käreuropa – eng Orbite ze zéien, wou déi kënne Plaz huelen, déi wëlle matmaachen, mä déi net alles wëlle matmaachen a wou och déi, déi haut alles matmaachen, mä et eigentlech net wëllen, enges Dags kënnen emigréieren, fir sech do méi wuel ze spieren, wéi an der Totaldisziplin vu gemeinsam gedeelte Politiken an der voller Breet.
Mir brauchen – dat ass eng Aufgab vun der Zukunft – eng méi staark wirtschaftlech Verzahnung, eng besser Koordinatioun vun de Wirtschaftspolitiken an Europa. Mir musse léieren och am Alldag, all Member vun der Eurozon, datt mer dat gemeinsamt Geld kollektiv a solidaresch musse géréieren, well et gehéiert net nëmme méi engem, et gehéiert haut 13 Länner an a 15 Joer mindestens 23, 24 Länner.
Mir mussen dat léieren, och mir heiheem, datt mer bei eisem kollektive Behuelen heiheem, net dat selwecht kënne lassgetrennt vum kollektive Behuele vun deenen aneren Entitéite vun der Eurozon do fräi festleeën. Et gëtt gemeinsam Ziler, doraus ergi sech gemeinsam Obligatiounen, aus gemeinsamen Ziler a gemeinsamen Obligatiounen ergi sech gemeinsam Aufgaben a Politiken.
D’Europa vun de Bierger muss virugedriwwe ginn, dat ass eng Saach vun dem Kampf géint dat grenziwwerschreidend Verbriechen. De Bannemaart däerf net ee Fräiraum si fir Gangster a fir Banditten, dat ass en, e muss ee Fräheetsraum gi fir déi déi an ëm wunnen an déi musse sech kënne wie ren.
Mir brauche méi Aussenpolitik, an alle Beräicher. An do gi vill Fortschrëtter gemaach, zanter Joren, klenger, mä däitlecher an déi musse méi grouss ginn. Europa muss Zougrëff kréien op d’Entwécklung vun der Welt, an engem vill méi staarke Mooss wéi bis elo, gestäerkt op säi gemeinsame Wertekanon, fir deen ee sech net brauch ze schummen, well e massgeblech Fortschrëttsrhythme setzt fir de ganze Planéit.
D’Doudesstrof, fir mol 20 Joer virunzekucken, wäert enges Dags total aus der ziviliséierter Welt verschwonne sinn, well Europa einfach dee Rhythmus setzt, datt et an der fräier Welt a besonnesch do wou déi fräi Welt als fräi Welt emfonnt gëtt, net méi ka sinn, datt een anere Mënsch sech Här a Meeschter iwwert d’Liewe vun engem anere Mënsch mécht.
Déi Décisiounen déi mer dëser Deeg geholl hunn iwwert de Klimaschutz, hunn Trendsetterfunktioun, well keen, keng Amerikaner a keng Chinesen op Dauer kënne wirtschatflech Zukunft opbauen op ee mangelhaften Ëmweltschutzgedanken. Well jiddweree wäert mierken, duerch déi Impulser déi Europa gëtt, datt mer ee weltwäit ëmspanend globalt Klimabündnis brauchen. A jiddweree muss gesinn, datt mer de Klimaschutz an de leschten 20 Joer trotz alle Warnunge massiv ënnerschat hunn an allen Deeler vun der Welt, an datt mer elo an enger kollektiver gemeinsamer staarker Wëllensustrengung dat mussen an de Grëff huelen.
Mënscherechter op där enger Säit, Doudesstrof do wou et se nach gëtt, d’Entdecke vu Mënscherechter do wou se net grouss geschriwwe ginn – China beispillsweis – an d’Mënschheetsrechter, do wou et ëm de Klima an ëm seng Bewahrung geet, dat sinn europäesch Aufgaben, wou mer déi aner an der Welt déi matschwätzen, esou wéi mir, mussen infizéiere vun der Virtuositéit a vun der Tugendhaftegkeet vun deem eegenen Denke wat mer gemaach hunn, wat mer gebild hunn.
Europa brauch vill méi eng staark sozialpolitesch Dimensioun. Fir et dausend mol hei an honnertdausend mol soss doruechter gesot ze hunn, brauch ech dat net weider ze ergänzen, sauf fir ze soen, datt déi Pensée unique, déi mer op ville Plazen hunn an déi eigentlech déi Beschäftegt esou behandelt, wéi wa si déi eigentlech Géigner vun der Beschäftegung wieren an d’Verdeele vun de Friichte vum Wirtschaftswuesstum einseiteg orientéiert, nämlech an dem Profitdeel vun der Gesellschaft, sinn Entwécklungen, déi an der Somme zu enger Desaffectatioun vun der Majoritéit vun den Europäer par rapport zu dem europäeschen Integratiounsgedanke féieren a géint deen ee sech deementspriechend muss stellen.
Esoulaang wéi 25000 Kanner weltwäit all Dag un Honger stierwen, esoulaang ass Europa mat senger Aufgab an der Welt net fäerdeg. Europa ass net nëmme fir sech selwer erfonnt ginn, Europa ass och eng Offerte, een Angebot un aner Deeler vun der Welt, dat déi gären ophuelen, wa mir eis där Offerte würdeg erweisen, doduerch datt mer, wéi beispillsweis eist Land, déi noutwenneg Mëttele fir dee Raum vun der essentieller Zukunftspolitikgestaltung zur Verfügung ze stellen.
Ee Risiko gesinn ech nëmmen an Europa, dat ass, datt een den Äiffer verléiert, datt een de Glaf verléiert, datt een d’Begeeschterung verléiert, well mer esou midd sinn, well et eis eigentlech gutt geet, besser wéi iergendengem aneren Deel vun der Welt geet et den Europäer an dofir fille mer eis vläit manner ugestiwwelt fir méi staark, och mam Bléck op d’Zukunft, no eis selwer an och no deenen aneren ze kucken. No eis selwer kucken an no deenen anere kucken, dat sinn zwou Säite vun enger Medaille, dat ass déi selwecht Iddi.
Ech hätt gären, datt déi Iddi Europa, dat wat d’Werter vun Europa ausmécht, déi aner Plazen – net nëmmen d’Plaz Europa – erreecht, mä déi aner Plazen op der Welt erreecht. Maache mer dat net, gi mer déi Ambitioun op, da verwandele mer eis, lues a lues, ouni datt mer et eigentlech mierken, an eng gehuewen Fräihandelszon, déi enges Dags op eemol do ass, ouni datt mer et gemierkt hunn an déi ee Konzept ass, wat ee symplistescht Konzept ass fir ee komplizéierte Kontinent a fir eng grad esou komplizéiert Welt.
An dofir ass deen Dag 50 Joer Europäescher Unioun een Dag vun zefriddenem Zréckkucken, vu kloerer Beschreiwung vun den Defiziter déi mer an der Europäescher Unioun hunn a Gott weess, datt déi a grousser Zuel festzestelle sinn.
Mä et ass och een Dag fir nei Hoffnung ze schafen, net nëmme fir eis selwer, net nëmme fir dat eegent Land, mä och fir de Rescht vun der Welt. Am strenge Wëssen drëm, datt mer esou eppes wéi d’Vereenegt Staate vun Europa weder brauchen nach wëllen, mä datt den Nationalstaat an deem Deel wou e mat sech selwer zefridden ass, Harmonie mat sech selwer schaaft, ouni negativ anerer erofdrécken, op anerer iwwerzegräifen an anerer op de Buedem ze zwéngen, bleiwe muss an deem Mateneen, deem komplizéierten, deem subtilen, deem fragilen, vu Kontinent a vun eegener Natioun.
Ech hätt gären, datt eis Generatiounen dat maachen, well déi nächstkommend hunn net méi all Instrumenter an der Hand, well se net méi all Wëssen am Kapp an am Häerz hunn. Déi, déi Europa am Joer 2040 regéieren an deenen hir Grousspappen a Pappen net méi kënnen zielen wéi et ass wann et net esou ass wéi et haut ass, déi net méi kënne zielen wat dat hescht wann Europäer openee schéissen, déi hunn a sech selwer net Erënnerungskraaft genuch fir dat Wierk op een Enn ze bréngen.
Et ass dofir gutt, et wier dofir gutt, wa mir et géife maachen. Loosse mer houffreg sinn op Europa an eis druginn. Europa ass 50 Joer al, mä et ass nach net errwuesse genuch fir et sech selwer z’iwwerloossen. Ech soen Iech merci.
Quelle: gouvernement.lu, Deklaratioun vum Premier Jean-Claude Juncker an der Chamber, 13. März 2007