Mat groussem Bedaueren hu mir all d’Nouvelle vum Doud vum Max Hengel kritt, dee säi Liewe ganz an den Déngscht vu senge Matmënschen an eisem Land gestallt huet.
Mat him verléiert d’Land en engagéierten a kompetente Politiker mat engem groussen Häerz.
Eis Gedanke sinn an dëser schwéierer Zäit bei senger Famill, senger Fra a sengen zwee Jongen. Mir drécken hinnen eis opriichtegt Bäileed aus.
Als Politiker huet säin Asaz der Schoul-, Sport- a Gesondheetspolitik gegollt. Hie war e Familljemënsch a mam Osten déif verbonnen. Hien huet als Buergermeeschter vun der Gemeen Wormer, Deputéierten, Vize-Präsident vun der CSV Fraktioun a Präsident vum Bezierk Osten ëmmer den enke Kontakt zu de Mënsche gesicht a gepfleegt.
Max, däin Asaz, deng Liewensfreed an däi Courage bleiwen onvergiess. Mir wäerten dech vermëssen.