Walkampfofkommes fir EU-Walen 2024 ënnerschriwwen

E Mëttwoch huet d’CSV-Generalsekretärin Stéphanie Weydert d’Walkampfofkommes fir d’Europawalen den 9. Juni am Numm vun der CSV ënnerschriwwen.

An dësem Ofkommes tëschent de Parteie gouf e.a. festgehalen, op Hohlkammeren (Plakater un de Luuchtepottoen) ze verzichten an e fairen a sachleche Walkampf ze féieren.

#CSV #EuropeanElections2024 #europeanparlament