Den Ombudsman als Bréckebauer tëscht Bierger an Administratiounen

Dem Ombudsman seng Roll ass déi vum onparteiesche Vermëttler tëscht dem Bierger an den ëffentlechen Administratiounen. Obwuel d’Administratiounen sech vill Méi ginn, fir dem Bierger e gudde Service unzebidden, kënnen awer Problemer opdauchen. An de Bierger kann zum Beispill eng Entscheedung net richteg fannen, e Gesetz kann net all Eventualitéite virgesinn, Delaie kënnen iwwerméisseg laang empfonnt ginn, etc. Mam Ombudsman hunn d’Bierger ëmmer en Uspriechpartner, wann si sech vun den Administratiounen net gerecht behandelt fillen an dee vir si nach eng Kéier kann intervenéieren, op Basis vun enger Reklamatioun.

Lauschtert déi ganz Fräi Tribün vum CSV-Deputéierten Jean-Paul Schaaf hei :