D’Gemengen an hir vill Defien

Fräi Tribune vum Emile Eicher, Député-maire vu Clierf am Lëtzebuerger Land, 4. Februar 2022

Wéi gi mir mat der Hausse vun den Energiepräisser em? Wéi stäerke mir eise sozialen Zesummenhalt? Wéi maache mir d’Gemenge fit fir déi digital Zukunft?

Dat ass just e Brochdeel vun deene Froen, déi sech virun e puer Deeg eng ronn honnert CSV-Mandatairë gestallt hunn, déi sech am Kader vun de Gemengenassisen afonnt haten. Fënnef grouss Themeberäicher goufen dobäi abordéiert: Sécherheet, sozialen Zesummenhalt, Logement, Klimaschutz an Digitaliséierung.

D’Gemengen an hir Servicer hunn – an ech mengen, do gëtt all Mënsch mir Recht – zwee schwéier Joren hannert sech an deenen si wéinst der Pandemie op alle Pläng staark sollicitéiert goufen. Net ze vergiessen awer och d’Iwwerschwemmunge vum Summer d’lescht Joer. Déi grouss Solidaritéit war formidabel a si ass wäit iwwer d’Parteigrenzen ewech gaangen. Jiddereen huet un engem Strang gezunn. Chapeau!

De Covid an d’Inondatiounen hunn awer och gewisen, datt d’Gemengen e Partner sinn, op deen ee sech verloosse kann, wann et dorëms geet, esou Erausfuerderungen ze meeschteren. Et gouf professionell a séier reagéiert. An awer gëtt et an der Zesummenaarbecht mam CGDIS a mengen Aen Loft no uewen: Mir sollten ons un een Dësch sëtzen an doriwwer schwätzen.

Defie ginn et genuch um kommunale Secteur. D’Gemengen hunn par Rapport zur Nationalpolitik de Virdeel, no um Bierger ze sinn. Si kréien d’Problemer vun de Leit an hirem Alldag mat. Momentan riskéieren eng Partie Leit an d’Prekaritéit ze rutschen. Schold dorunner ass d’Hausse vun den Energiepräisser an natierlech d’Kris am Logement, déi ëmmer méi brenzeleg gëtt. Mir brauche kuerzfristeg Léisunge fir dat endlech Wunnraum op deenen onbebauten Terrainen entsteet. A mir brauchen och nei Bau-a Finanzéierungskonzepter. Well een Daach iwwert dem Kapp ze hunn, ass e Mënscherecht. D’Gemenge sinn och bereet, hir Responsabilitéit am Kader vum Pacte Logement 2.0 z’iwwerhuelen. Mee de bürokrateschen Opwand vu Säite vum Staat misst op e Minimum reduzéiert ginn. Et sinn d‘Office sociaux‘en déi dës rezent Entwécklungen wäerten ze spiere kréien.

Mat der Hausse vun de Energiepräisser klammen och d’Käschte bei de Gemengen. Suerge maachen och d’Präisser vun de Matière-premièren. Wat gedenkt de Staat z’ënnerhuelen, fir de Gemengen, déi bekanntlech e wichtegen ekonomeschen Acteur sinn, ënnert d‘Ärm ze gräifen, wann verschidde Bauprojeten um kommunale Plang op eemol op Äis geluecht misste ginn?

Klima an Ëmwelt si weider wichteg Themen, déi mir zesumme mussen ugoen. An deenen 13 European Energy Award Gold Gemengen, stinn iwweregens 9 CSV-Buergermeeschter an der Verantwortung. Entscheedend ass awer och, datt de Klimapakt vun de Leit gedroe gëtt: „Bottom up“ ass dat entscheedend Schlësselwuert, well Politik maachen, ouni de Bierger anzebannen an hien ze ëmgoen, ass net de richtege Wee.

Zesummen mam SIGI wäerten sech d’Gemengen och a Saachen Digitaliséierung an Zukunft besser opstellen mussen, fir dat se hire Bierger méi Abléck an Zougrëff an hir Dossieren kënne ginn.

D’Covid-Kris ass dat eent. Dat anert ass déi Kris, déi op eis duer kënnt, wann d’Covid-Kris eriwwer ass. Et geet hei net dorëms Schwaarzmolerei ze maachen, mee eng realistesch Aschätzung ze ginn. Well global gesinn, brauchen mir eng besser Preventioun, méi Kommunikatioun a méi eng gezielten Koordinatioun.

Nëmmen esou kënne mir déi vill Defien, déi op d’Gemengen, hir Bierger an domadder op ons all zoukommen, besser meeschteren.

Emile Eicher

Den Emile Eicher ass Député-maire vu Clierf