Nolauschter-Tour 2021

Léif Leit!

No enger laanger Corona-Paus kommen Är 21 Deputéiert vun der CSV-Fraktioun erëm bei Iech op Nolauschter-Tour 2021.

Wéi schonns 2019 froe mir Iech: „Wou dréckt de Schung?“

Konkret den 3. Juli am Norden zu Wolz op der Braderie an duerno zu Ettelbréck op der Foire agricole.

Duerno den 10. Juli am Süden zu Esch/Uelzecht an der Uelzechtstrooss an duerno zu Schëffleng op der Braderie.

De 19. Juli gi mir an den Osten op Réimech op de Maart.

Schliisslech gi mir den 28. Juli an den Zentrum op Hesper op de Maart.

Et geet eis drëms, fir Iech an Ären Uleies einfach nozelauschteren. An och fir Iech politesch Äntwerten op Är berechtegt Froen ze ginn.

Wëll fir eis muss jidder Politik, déi dësen Numm verdéngt, no bei de Leit sinn. An dat net just a Waljoeren.

Dir kënnt eis och gäre schreiwen op [email protected] oder op den Telefon 47 10 55-1 uruffen fir mat eis an d’Gespréich ze kommen.

Just matenee komme mer weider.

Mir freeën eis drop, mat Iech an d’Gespréich ze kommen.

 

Martine Hansen

Co-Presidentin vun der CSV-Fraktioun

 

Gilles Roth

Co-President vun der CSV-Fraktioun