Reform vun der Beruffsausbildung : Déck néideg mä net duerchduecht

Nodeems d’CSV zanter Joren freet, dass d’Beruffsausbildung misst reforméiert ginn, ass déi lescht Woch eng Reform an der Chamber gestëmmt ginn. Leider ass déi Reform alt erëm net bis zum Schluss duerchduecht, et gouf net mat den Akteuren um Terrain geschwat an et sinn esouguer Feeler am Text. Lauschtert an der Fräier Tribun vum Martine Hansen firwat d’CSV sech beim Vote enthalen huet. Eis Motiounen respektiv Amendementer sinn vun der Majoritéit verworf ginn.