Dossier Join : Chamberpresident soll Dokumenter un de Parquet ginn

Am Dossier “Join” freet d’CSV, dass de Chamberpresident Dokumenter, déi d’Chamberkommissioun virleien hat, un de Parquet weider gëtt. De Generaldirekter vun der Post huet verschidde Faiten an der Kommissioun konfirméiert an der CSV Fraktioun no kéinten een Deel vun de Faiten eng penal Suite kréien. An deem Fall wieren d’Deputéiert verpflicht dat beim Parquet ze melden.