Erkennbar anescht

Um Mutferter Kongress hu mir eis eng nei Féierungsekipp ginn. De Prozess vun der Neiopstellung vun der CSV ass domat personell ofgeschloss. Elo musse mer eis un d’Politik ginn.

D’CSV ass an der Oppositioun. Dat bedeit op där enger Säit, datt mer wéineg Politik kënne konkret ëmsetzen – dat ass schued. Et bedeit awer och politesch Fräiheet fir ze denken a Konzepter ze entwéckelen, déi eis erkennbar anescht maachen.

Erkennbar, well mer an alle Beräicher vun der Politik, déi d’Bierger beschäftegen, eng eege Signatur brauchen. D’CSV muss sech intensiv fir Zukunftsthemen intresséieren: nohalteger, klimatescher, digitaler. Vill Leit fäerten haut, a prekär Liewensverhältnisser ze rëtschen, eleng ze sinn, an der Gesellschaft net méi ze zielen, oder mat den Erausfuerderunge vun der digitaler a globaliséierter Welt manner gutt eens ze ginn. Dëse Leit wëlle mer Sécherheet ginn. An enger Sprooch an op eng Aart a Weis, déi d’Leit usprécht, déi verständlech ass, kloer an däitlech.

Anescht, well d’CSV och an der Oppositioun eng besonnesch Verantwortung huet. Mir sinn eng grouss Vollekspartei, déi an alle Bezierker déif verankert a verwuerzelt ass. Mir sinn déi stäerkste Partei och an de Gemengen, no bei de Leit an hire Suergen. Mir maache Politik net fir den ëffentlechen Effekt, mee fir d’Liewe vun de Leit besser ze maachen. Mir sinn eis kloer bewosst, datt d’Wieler vun eis verlaangen, datt mer eis hiert Vertraue verdéngen.

D’CSV erkennbar anescht, dat geet just all zesummen. An der Partei, wou jidder Iddi, Kompetenz an Engagement gebraucht ginn, a jidder Member optimal Méiglechkeete kritt, fir sech anzebréngen. An iwwer eis Partei eraus, wou mer mat der organiséierter Zivilgesellschaft mussen en intensiven a produktiven Dialog féieren.

Eis Partei huet zu Mutfert gewisen, datt si Loscht huet, no vir ze kucken an d’Erausfuerderung vun der Oppositioun voll unzehuelen. Mir wëllen awer och nees do eraus. Dat verlaangt Determinatioun, Wëllen an Asaz. Déi hu mer. A mir packen dat.