Fräi Tribun : D’Elisabeth Margue an de Charel Weiler iwwert hiert politescht Engagement

Firwat sech als Jonke politesch an der CSV engagéieren? Wat sinn d’Prioritéite vu Jonke fir d’Zukunft? D’Elisabeth Margue, jonk Kandidatin fir d‘Chamberwahlen am Zentrum an de Charel Weiler, jonke Kandidat am Norden, ginn op hir Motivatioun an, sech politesch ze engagéieren, an dorobber, wou an hiren Aen d’Erausfuerderunge fir eist Land leien.

Politik huet de Charel Weiler schonn ëmmer faszinéiert well all Politik Beräich eppes mat de Mënschen ze dinn huet. A sengem Beruff als Affekot begéint de Charel Weiler vill Leed a Misär vun de Leit a well gär als Politiker hëllefen eng Rei vun dëse Problemer aus der Welt ze schafen. Hien ass iwwerzeegt da een eppes beweege ka wann een sech aktiv abréngt a fir seng Iwwerzeegunge kämpft. Fir d’Elisabeth Margue war eng Rees op Ausschwitz den Ausschlaggebende Punkt fir sech politesch ze engagéieren. Den Austausch vun den Iddie mat anere Leit huet d’Elisabeth Margue extrem gär. “Meng Erfarung huet mer gewisen dat ee wierklech eppes ka beweege wann een zesummen un eppes gleeft”

Fir de Charel Weiler gëtt et nach ëmmer vill ze vill Ongerechtegkeet an eiser Gesellschaft. “Ech well mech dofir asetzen dat d’Zesummeliewe vun eis alleguerte méi gerecht an och méi fair gëtt.” Duerch säi Beruff läit him natierlech och d’Justiz um Häerz. Eng vun den wichtegen Erausfuerderungen fir d’Elisabeth Margue ass de Logement. “Wa mir et do net fäerdeg bréngen d’Präisser ze stabiliséieren oder alternativen zum kafen ze bidde kréie mer ganz grouss Ongerechtegkeeten.” Eng weider grouss Erausfuerderung ass Digitalisatioun. D’Kanner musse beschtméiglechst op d’Zukunft vu muer an ob déi nei Beruffer déi do entsti virbereet ginn.