Firwat Politik? Am Gespréich mat jonke Kandidaten, Françoise Kemp, Vincent Reding a Fréd Ternes

Firwat sech als Jonke politesch an der CSV engagéieren? Wat sinn d’Prioritéite vu Jonke fir d’Zukunft?

D’Françoise Kemp, jonk Kandidatin fir d‘Chamberwahlen am Süden, de Vincent Reding an de Fréd Ternes, jonk Kandidaten am Zentrum, ginn op hir Motivatioun an, sech politesch ze engagéieren, a dorobber, wou an hiren Aen Erausfuerderunge fir eist Land leien.

„D’Welt e bësse besser verloossen, wéi ech se virfonnt hunn“, dee Motto motivéiert de Fréd Ternes zënter Klengem un, ob elo an de Scouten oder dono och an der Politik. Fir d’Françoise Kemp, och an de Scouten engagéiert, gëllt et sech fir d’Gesellschaft an d’Uleies vun all Eenzelen anzesetzen. Verantwortung fir sech selwer a seng Matbierger iwwerhuelen, dat huet de Vincent Reding zu engem politeschen Engagement gefouert: „Mir war ëmmer wichteg, kee Blat virun de Mond ze huelen an datt alles fair ofleeft“.

Als „Chargé de formation“ um IFEN läit fir de Fréd Ternes eng vun de grousse Baustelle fir d’Zukunft vum Land natierlech an der Educatiounspolitik an als Scheffen am Logement an an der Landesplanung. Chancëgläichheet an der Schoul fir all d’Kanner an als Kriminolog natierlech och eng staark a gutt encadréiert Police, déi no um Bierger ass, dat si fir de Vincent Reding Prioritéiten. Fir d’Françoise Kemp gëllt et d’Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung ze meeschteren an ze garantéieren, datt och an enger verännerter Wirtschaftswelt awer de Mënsch, an net d’Maschinn am Mëttelpunkt steet.