Ried vum CSV-Deputéierten Marco Schank zu der Mobilitéit

Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,
Virun zimlich genee 6 Joer, also 1 1/2 Joer éier déi vieregt Regierung sollt ophaalen, huet den deemolege Minister Claude Wiseler déi global Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit, kuerz MoDu, présentéiert.
Dëss Initiativ ass an der Chamber och vun den gréissten Oppositiounsparteien am Kader vun enger gemeinsamer Motioun matgedroe ginn.

An, – dëss Initiativ war deemols eng ganz nei Philosophie fir un dës – méi wi je aktuell – Problematik erunzegoen, an mir sinn frou ze gesinn, dass di heiteg Regierung dës Strategie an hiere Grondzich weidergefouert huet.

De vum Claude Wiseler présentéierte MoDu höet de Mérite fir d’Konzept vun der Multi-Modalitéit an den öffentlichen Débat verankert ze hunn, – an eeben och kloer Objektiver formuléiert ze hunn, wat d’Evolutioun vun de Parts modales am öffentlichen Transport, resp. der Modalité douce.
D’Initiativ vun der aktueller Regierung fir dëse Programm un d’Begeebenheeten vun haut unzepassen begréisse mir selbstverständlich…

… PDF: Ried Marco Schank zu der Mobilitéit 190418