Ried zum Fräihandel vum CSV-Deputéierten Laurent Mosar

Här Prësident,
Dir Dammen an Dir Hären,
mat senger Décisioun, Strofzöll um Import vu gewëssene Wueren an den USA opzehiewen, huet den US-Prësident Trump en Handelskrich vum Zonk gebrach, deen der Wirtschaft an den USA, mee awer och däer globaler schueden kann. Déi vun den USA agefouert Taxën op Stol an Aluminium waren u sech nëmmen den Optakt. Entretemps schéngt den Handelskonflikt ze eskaléieren.
Aktuell ënnersicht den zoustännnegen amerikanesche Ministère 1.300 Produktlinnen aus China, virun aus dem Tech-Segment, a wëll an de nächsten Deeg verkënnegen, wat fir eng Gidder wäerten zukünfteg mat wat fir enge Stroftaxën beluecht ginn.
Datt Peking elo ebenfalls Importer aus den USA aschränke wëllt, ass net iwwerraschend. Et ass déi üblech Entwécklung an engem Handelskrich. Genee duerfir ass et wichteg, fir d‘Konfliktspiral guer net réischt unzekierbelën. Wëll wa se bis dréint, ass se nëmme ganz schwéier ze bremsen…

… PDF : Mosar Ried Fräihandel