Fotogalerie: CSV-Seniorekongress 2018

Vun der Ofsécherung vun eise Pensiounen, iwwert eng kohärent Landesplanung, d’Verfassungsreform, d’Sécherheet, d‘Budgets- a Wirtschaftspolitik, d‘Edukatioun an och d’Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung … un interessanten Diskussiounsthemen huet et e Samschdeg um Kongress vun de CSV-Seniore wierklech net gefeelt. Zesumme mam Spëtzekandidat a CSV-Fraktiounspresident Claude Wiseler ass d’Equipe vum Marcel Glesener, President vun de CSV-Senioren, op déi wichteg Zukunftsdefie fir Lëtzebuerg agaangen.