Neijoerspatt 2018 zu Nidderaanwen

No engem gudde Joer 2017 si mir prett fir de politesche Wiessel op nationalem Niveau. D’Resultater, besonnesch och vun eisen neien a jonke Kandidate bei de Gemengewalen, weisen an déi richteg Richtung. Zesumme fir de Wiessel mat eisem Spëtzekandidat Claude Wiseler, dat war de Motto vum CSV-Neijoerspatt 2018 zu Nidderaanwen. Gutt 1000 Leit ware komm an hunn zesummen op dat neit Joer ugestouss.