„D’Resultat vun de Gemengewahlen ass eendeiteg: d’CSV ass haut déi stäerkste Partei an de Lëtzebuerger Gemengen“, esou de Parteipresident Marc Spautz am Kader vun der Pressekonferenz iwwert d’Gemengewahlen.
D’Zuele géifen hei eng kloer Sprooch schwätzen. D’Partei war an alle 46 Proporzgemengen mat enger CSV-Lëscht ugetrueden. Vun 600 Mandater an de Proporzgemengen krut d’CSV der 209. Dat sinn 34,83% an domatter e Plus vun 4,2% am Verglach mat 2011.
An de 10 bevëlkerungsräichste Gemengen vum Land konnt d’CSV iwwerall zouleeën. A 5 Gemengen huet een eng absolut Majoritéit kritt: zu Biissen, Clierf, Habscht, Hesper a Rammerech. Esouwuel d’Zuel u CSV-Buergermeeschteren, ewéi och u Schäffen a Gemengeréit, ass geklomm.
Ganz besonnesch erfreet, ass een iwwert d’Resultat vun de jonke Kandidaten, esou de Parteipresident. Dëst wär och de Verdéngscht vum parteiinterne Jugendförderprogramm aus de leschte Joren. Esou konnte Jonker geziilt op Themen an och an der Rhetorik an Optriede forméiert ginn.
Allgemeng hunn déi vill Formatioune fir d’Kandidaten, déi een als Partei organiséiert huet, hir Friichte gedroen.
Et ass een awer esouwuel a Koalitiounen mat der LSAP, ewéi mat der DP an och mat de Gréngen vertrueden. Dëst géif nach eng Kéier ënnersträichen, datt een mat all dëse Parteie koalitiounsfäheg ass. Anescht, ewéi et heiansdo emol an de leschte Joren vu baussen ugeklongen war.
De Wee bei d’Chamberwahlen
De Generalsekretär Laurent Zeimet huet och en éischten Ausbléck op d’parteiintern Organisatioun fir d‘Chamberwahle ginn. De Nationalrot entscheed nächst Woch, ob een déi véier Bezierkslëschten, ewéi schonns 2013, op engem grousse Parteikonvent unhëlt. An deem Fall, géif een iwwert d’Lëschten de 24. Mäerz 2018 entscheeden. D’Kandidaten fir dës Lëschten ginn zu engem groussen Deel vun de Bezierker a fir de Rescht vun enger nationaler Wahlkommissioun proposéiert.
Wou bleift d’Landesplanung vun der Regierung?
De Marc Spautz huet drun erënnert, datt d’CSV schonns am Mäerz 2016 een Zukunftsdësch gefrot huet, wou d’Erausfuerderungen vum Wuesstem behandelt ginn. Vum zoustännege Minister, François Bausch, hätt ee sech do ufanks 2016 missen unhéieren, datt ee keng Anung hätt an all dëst am Kader vun de sektorielle Leitpläng, déi de Leit am Hierscht 2016 géife virgestallt ginn, jo schonns géif geschéien. Elo si mir awer Hierscht 2017 an et läit nach näischt Konkretes um Dësch.
Fir e staarke Sozialstaat
Fir de Marc Spautz si Fuerderunge beim Mindestloun kee „Quatsch“. De Loun „ass keng Sozialpolitik, mä e gerechte Loun ass fir eng Aarbecht do, déi e leescht. Et ass e Recht fir di Léit, déi fir Loun a Gehalt schaffe ginn“. D’CSV ass mat der ablécklecher Politik vun de Stock Options net averstan.
De Marc Spautz huet erënnert, datt d’CSV an der Aarbechtskommissioun proposéiert huet, fir de Pappecongé vun zwee op zéng Deeg ze erhéijen, esou wei et och vun der EU virgesinn ass. Vu datt di zousätzlech Congésdeeg vum Staatsbudget sollen iwwerholl ginn, muss e sech froen, ob aner Spezialcongéë mussen als Géigepartie gekierzt ginn. Dobäi geet et och drëm eng Zwee-Klasse-Gesellschaft ze verhënneren.