Intensiv Diskussioun iwwert d’Aarbechtszäitorganisatioun

D’Aarbechtszäitorganisatioun an enger moderner Economie a Gesellschaft stong am Mëttelpunkt vum CSV-Forum am Centre Schauwenburg zu Bartreng, Meindes, den 12. Juni 2017.

Ënnert der Leedung vum Marc Spautz hu ronn 40 interesséiert Memberen iwwert d’Erausfuerderung diskutéiert, fir d’Aarbechtszäit esou ze organiséieren, datt di individuell Erwaardungen a Rechter vun den Arbeitnehmer a betrieblech Necessitéiten an enger Aarbechtswelt, déi sech vill verännert (Stéchwuert Digitaliséierung) och an Zukunft iwwerenee stëmmen.

D’Conclusiounen vum Forum Aarbechtszäitorganisatioun wäerten an de programmateschen Diskussiounen vun der CSV eng wichteg Roll spillen.