Geschichtsinstitut vun der Uni Lëtzebuerg

Réponse à la question N° 2921 (Question écrite) de Monsieur Serge Wilmes, Député concernant Institut d’histoire de l’Université du Luxembourg, par Monsieur Marc Hansen, Ministre délégué à l’Enseignement supérieur et à la Recherche:QP 2921

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement steet, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer d’Geschichtsinstitut vun der Uni Lëtzebuerg un den Här Minister fir Héichschoul a Recherche, weiderzeginn.

Laut engem Interview gëschter um Radio 100,7 fäerten d’Historiker vum Geschichtsinstitut vun der Uni Lëtzebuerg, datt wéinst Budgetskierzungen op der Uni, zwee vu fënnef Léierstill an Zukunft net méi ersaat ginn : een fir déi Fréier Neizäit an een fir d’Lëtzebuerger Transnational Geschicht. D’Geschicht géif domadder net méi komplett op der Uni Lëtzebuerg ofgedeckt ginn, wat net den internationalen Standard’en entsprécht.

Dofir wëll ech dem Här Minister fir Héichschoul a Recherche dës Froën stellen :

  • Kann den Här Minister déi Situatioun confirméieren?
  • Wa jo, a wëssend, datt d’Regierung ëmmer betount huet, datt d’Schaafung vun engem Institut fir Zäitgeschicht net op Käschten vum historeschen Institut vun der Uni géif goen mä béides komplementär wier, misst senger Meenung no d’Regierung net hier Verantwortung iwwerhuelen an sech am Conseil vun der Uni Lëtzebuerg dofir asetzen, datt d’Geschicht weider komplett ofgedeckt gëtt an noutfalls déi Suen dofir op den Dësch leeën?

Här President, mat mengem déiwen Respekt,

 

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck