Nationalkongress 2017: CSV – Kloer, no & gerecht

Fir de CSV-Nationalkongress 2017 haten sech iwwer 550 Delegéiert a Memberen an der Däichhal zu Ettelbréck afonnt.

Nieft de Rapporte vum Generalsekretär Laurent Zeimet an dem Generaltresorier Georges Heirendt, der Presentatioun vum Nachwuchsförderprogramm an enger Diskussiounsronn mat engagéierte Jonke stoung d’Resolutioun vun de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit „E klore Plang fir staark Gemengen“ um Programm.

Am zweeten Deel vum Kongress stoungen d’Riede vum Parteipresident Marc Spautz, vum Éieregaascht Pedro Passos Coelho, Premierminister vu Portugal vu 2011 bis 2015 a President vun der Schwësterpartei PSD, ewéi vum Claude Wiseler, Fraktiounspresident an nationale Spëtzekandidat, am Mëttelpunkt.