CSV gleeft weider un Europa a seng Wäerter vu Fräiheet a Fridden, Fortschrëtt a Solidaritéit

Déi integral Ried vum Laurent Mosar als PDF : Laurent Mosar Débat Aussepolitik 2017


Laurent Mosar: Aussepolitik – 22. Mäerz 2017

*** et gëllt dat geschwate Wuert ***

Yes we can! Yes we did! Yes we can!

Här Prësident,

Dir Dammen an Dir Hären,

Mat deene Wierder huet de fréieren US-Prësident Barack Obama seng lescht grouss ëffentlech Ried zu Chicago ofgeschloss. An där Ried huet hien sech virun allem mam wackelegen Zoustand vun der amerikanescher Demokratie  beschäftegt.

Vill vun den Aussoën vum fréieren amerikanesche President kann een och op den Zoustand vun eenzelnen Demokratien an Europa an an der Europäescher Unioun uwenden.

Virun allem déi, datt d‘Demokratie näischt Selbstverständleches ass. Jo, d‘Demokratie ass ëmmer dann a Gefoer, wa mir all si als en definitiven Acquis ugesin. „For granted“, wéi den Obama seet.

D’Demokratie, an dat hu mer besonnësch an deene leschten Deeg a Woche gesin, ass awer och eppes robustes, an ëmmer rëm dann, wann et eenzel Tendenzen ginn, fir se un d‘Wackelen ze bréngen, ginn d’Bierger op d’Stross, wéi mer dat zum Beispiel a Rumänien an och a Polen gesi hunn.

Mee Dir, Här Ausseminister, hudd Recht, datt mer dat nach méi kloer gesinn bei de „Pulse of Europe“-Demonstratiounen an 58 Stied vum leschte Sonndeg. An et si genaus sou Demonstratiounen, déi haaptsächlech vu jonke Mënsche gedroe ginn, déi een awer nach optimistesch stëmmen, wat d’Zukunft vun Europa ugeet.

Här Prësident,

D’Joer 2016 woer aussepolitesch gesinn op ee Neits e schwieregt Joer. An ech hunn d’Impressioun, datt 2017 net wesentlech besser gëtt, wann  ech mer mol déi éischt 3 Méint ukucken. D’Kris an der Europäescher Unioun mat dem Brexit a Groussbritannien, dem Ukraine-Konflikt an där domadder verbonnener Bezéihungskris mat Moskau, dem ongeléiste Syrienkonflikt mat enger humanitärer Katastrof zu Aleppo, an dann – last but not least – d‘Wahl vum Donald Trump féieren zu enger Welt, wou sou vill Onuerdnung ass, wéi scho lang net méi.

Bei Geleeënheet vun der aussenpolitescher Debatte vum leschte Joer hat ech vun enger opgewulltener Welt mat ville geopolitesche Risken geschwat. An dat, wat ech virun engem Joer gesot hunn, ass haut nach genau sou richteg. A ville westlechen Haaptstied – an och hei zu Lëtzebuerg – as déi gefillte Lag dann och eng vun bis elo nie ogewierchtener Veronsecherung. Net zoulescht och wéinst der Gefoer vum internationalen Terrorismus. Erlaabt mer duerfir och, ee Joer no den Attentater vu Bréissel, ee Gedanke vu Sympathie a Matgefill mat den Affer an hire Familjen bei eise belsche Noperen. An déi Fro, déi iwwer all aner steet, ass déi, wéi geet et virun mat eiser westlecher Welt?

Viru ronn engem Joer huet déi däitsch Editioun vum „The European“ getitelt: „Warum Erdogan über Francis Fukuyama siegt“. Absolut zu Recht. Wëll et ass nom Fall vun der Berliner Mauer net zum „Enn vun der Geschicht“ mat der automatescher Victoire vun der liberaler Demokratie am Sënn vun enger lëschter Synthèse komm, wéi den amerikanesche Politolog dat 1992 ze vill westlech-triomphalistesch virausgesot huet. Well mir hunn haut weder eng Nei Weltuerdnung, nach huet de Westen de Kale Krich wierklech am demokratesche Sënn gewonn. D’Realitéit ass éischter een Zoustand vun engem Neie Chaos!

An och wann ech d’Situatioun an Europa kucken, si mer nët nëmmen mat enger Krise konfrontéiert, mee mir schleefen méi Krisen   mateneen ronderëmer. An ech géif souguer wëlle behaapten, datt Europa vun Krisenherden emgin ass, op déi et nach manner Afloss huet, wéi op déi eege „Polykris“, wéi de Jean-Claude Juncker dat nennt.

All dës Krisen hunn derzou bäigedroen, datt d’Zoustëmmung fir Europa  an deenen verschiddenen Memberslänner ëmmer méi an de Keller geet. Dovun profitéieren an éischter Linn populistech Parteien, déi mat einfachen Wierder erklären, datt Europa un alle Problemer Schold ass an dat alles vill besser ging goen, wann d’Länner rem hir Onofhängegkeet par Rapport zu deem Europa hätten.

Dir, Här Ausseminister, hudd jo och de Problème vum Populismus ugeschwaat: Fir mech a fir eis kann déi eenzeg Äntwert heirop just eng volleksno Politik vun de Léisunge fir d’Leit an hirem Alldag sinn. An dësem Sënn ass och d‘Aussepolitik keen abstrakten Exercice vun a fir Diplomaten méi, mee et muss virun allem eng positiv Alldagspolitik fir d’Leit sinn. Da fënd se och déi néideg Ënnnerstetzung. Virun deem Hannergrond hu mer haut eis traditionnel aussenpolitesch Debatt.

Här Prësident,

ier ech awer mäi klengen Tour du Monde ufänken, erlaabt mer, wéi dat schon Traditioun ass, dem Aussenminister Jean Asselborn an all senge Matarbechter am Aussenministère en oprichtegen  Merci  ze soen, fir deen immensen Engagement, deen si och erëm während dem vergangene Joer zu Dag geluegt hunn.

Mir erkennen och den Engagement vum Aussenminister un, dem keng Stonn ze fréi oder ze spéit ass fir am Déngscht vum Weltfridden ennerwee ze sinn. Dëst Joer kommen ech allerdengs nët derlanscht, fir mech mat enger Rei Aussoen vum  Aussenminister  aus de leschte Méint ausenanerzesetzen.

Dozou awer direkt zwou Virbemierkungen:

Éischtens déele mir, wat de Fong ugeet, vill vun deene Kritiken, déi den Aussenminister formuléiert huet par rapport zu der rechtstaatlecher Situatioun an eenzelnen Memberslänner, an ech denken hei an eischter Linn un Ungarn an u Polen.

Zweet Observatioun: mir veruerteelen schärfstens Aussoen, déi an soziale Netzer géintiwwer dem Ausseminister a sengem Positionnement an eenzelnen Dossierën gemaach ginn. An ech denken hei mei speziell u sou Aussoën am Kontext vun senger Polenkritik.

Et kann een mat Aussoen vum Jean Asselborn nët averstanen sinn. An et muss een sech souguer mat dësen Aussoen auserneensetzen. Wat fir eis awer total onakzeptabel ass, ass wa géint d’Persoun vum Jean Asselborn indirekt Morddrohungen ausgeschwat ginn! Dëst ass eppes, wat mir an dësem Land bis elo nët kannt hunn. A mir kënnen dofir och net acceptéieren, datt ëmmer méi op  déi doten Zort vun Ausernanersetzung zerékgegraff gëtt, wou net méi de Ball mee de Mann gespillt gëtt. Net just an der Aussepolitik, mee och am politeschen Débat ginn et roud Linnen, déi ze respektéiere sinn!

Dëst gesot, Här President,

si mir awer nët glécklech gewiecht, iwwer verschidden Aussoën vum Ausseminister, ganz besonnesch och vis-à-vis vun der éisträichescher Regierung am Kontext vun der Flüchtlingspolitik.

Eisträich ass jo e Land, mat dem eis eng gemeinsam Geschicht verbënnt a mat dem mir säit ville Joeren excellent Bezéihungen ënnerhalen. Mir kënnen dofir net déi Manéier akzeptéieren, wéi den Här Asselborn den éisterräischechen Ausseminister Kurz an domadden déi ganz éisterräischech Regierung ugegraff huet.

Ween Terme wéi „rietsnationalt Gedankegut“ gebraucht, muss wëssen, wat dat am Hannergrond vun der Geschicht bedeit a soll se duerfir net liechtfankeg gebrauchen. Ganz besonnesch, Här Minister, wann ee vun Äere Ministerkollegen, den Här Nicolas Schmit, senges Zeechens Arbecht- a fréieren Integratiounsminister kuerz duerno an engem Interview am Letzebuerger Wort eigentlech Sympathien fir d’Iddiën vun der Eistréicherscher Regierung weist an doran och nach ënnerstëtzt ginn ass vun der Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen.

Mir froen eis, wat dann elo d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung an dësem sensible Themeberäich ass: ass et déi vum Här Asselborn oder ass et déi vun der Mme Cahen an dem Här Schmit? Hei stellt sech also d’Fro vun der Kohärenz vun der Lëtzebuergescher Aussen- a Migratiounspolitik. A mir ginn d’Gefill net lass, datt den Här Ausseminister oft méi fest mat der Fauscht op den Dësch schléift géintiwwer befrëndete Regierungen an der auslännescher Presse wéi en dat am Krees vu senge Kolleginnen a Kollegen heiheem am Ministerot mecht.

Mir bleiwen der Meenung, ganz besonnesch am Kontakt mat befrëndete Länner, datt wann een dann emol an engem Dossier net der selweschter Meenung ass,  dës Diskussiounen intern um Niveau vun EU-Reuniounen oder soss bilateral ze féieren, a nët iwwert de Wee vun de Medien.

Mir hunn et och nët glécklech fond, Här President, datt iwert déi am Fong berechtegt Kritiken zu der Politik vun der ungarescher Regierung den Aussenminister vun dësem Land och an der Press Budapest mat engem Ausschloss aus der Europäëscher Unioun gedroht huet. Besonnesch an Zäiten, wou de Weltfridden vläicht méi wéi bis elo op ville Platzen an der Welt a Gefoer ass, soll een op martialesch Téin géintiwwer befrëndte Memberstaaten verzichten. Dëst zumindestens an der Ëffentlechkeet.

Mir sollen also ganz op d’Stäerkt vum Soft Power setzen. Mir sinn e kléngt Land, a mir hunn neëmmen all Avantagen op Dialog an Iwerzeegungsarbecht ze setzen, an nët op Polterpolitik. Dat schued, Här Aussenminister, der Persoun an et schued dem Land, ganz besonnesch an engem Moment, wou dëst Land wéinst Affairen wéi Luxleaks a Panama scho souwisou am Fokus vun der Kritik vun internationale Medien steet.

Mir haaten eigentlech gehofft, datt dës Ausrutscher waren, déi sech net méi wäerten widderhuelen. Mee wann ech Iech gëscht richteg nogelauschtert hunn, wëll dir un dëser net grad diplomatescher Form vu Kritik festhaalen. Mir si net mat Iech do enger Meenung, well mer grad mengen, datt an der Diplomatie den Toun d’Musik mecht. An ech géif Iech dofir un d’Häërz leeën, Iech um Winston Churchill ze ortientéieren, deen eng Kéier soll gesot hunn: „En richtegen Diplomat ass een deen zweemol nodenkt ier en näischt seet.“

Här Prësident,

ech wäert mech dann an deene nächsten Minuten fir d’éischt mat der Situatioun an der Tierkei, dono mat däer neier amerikanescher Administratioun beschäftegen, dono d’Situatioun am Noën Osten ënnert d’Lupp huelen, awer och op d‘Situatioun um afrikanesche Kontinent e Bléck werfen, fir mech zum Schluss mat der Situatioun an der Europäëscher Unioun ze befaassen.

Wat d’Tierkei betrëfft, bleift Europa an der Wahlkampagne vum President Erdogan virum Referendum vum 16. Abrëll näischt erspuert. Ëmmer dann, wann mer mengen, mer hätten den Déifpunkt erreecht, gi mer erëm iwwerrascht vun Aussoën vum Erdogan selwer, respektiv senge Ministeren, déi eis ëmmer erëm opschrécke loossen.

Och wa mer wëssen, datt sproochlech Excèsën vum Här Erdogan zu sengem Fonds de commerce gehéieren, sou huet en sech dach selwer iwwertraff, andeems en Däischtland an Holland mat Nazidäitschland a Faschismus a Verbindung bruecht huet. An den tiirkeschen Ausseminister huet de Vull ofegeschoss, andeems en déklaréiert huet, Europa hätt der Tiirkei e Reliounskrich déclaréiert.

Wéi soll Europa an déi eenzel Regierungen op déi permanent Provokatiounen reagéieren?

Fir d’éischt wäer et gudd, wann hei Europa matt engem Mond géif schwetzen an och eng gemeinsam Positioun, notamment par rapport zu der Organisatioun vun Wahlveranstalltungen um Territoire vun eenezelnen EU-Memberslänner, géif hunn.

Ech wees, datt dat an der Praxis net esou einfach ass. Nach wier et awer gudd, wann d’Europäësch Unioun et awer géif fäerdeg bréngen, hei e gemeinsamt staarkt Signal un d’Tiirkei ze schécken. Et wäer notamment wichteg gewiescht, nodeems eis Nopeschlänner vum Erdogan als Faschiste bezeechent gi sinn, fir hei kloer dogéint ze haalen. Mir begréissen, datt den Ausseminister dat gemaach huet. Awer och vum Här Staatsminister hätte mer eis hei eng kloer Ausso erwaard.

Iwwerhaapt stellt sech d’Fro, wéi mir elo sollen op dat luest Ofdriften vun der Tierkei a Richtung Autokratie wa net souguer a Richtung Diktatur réagéiren?

Niewent méi traditionelle Mesurë wéi dem Abestellen an Ofruffen vum Ambassadeur wier et vläicht awer och opportun, iwwert méi onorthodox Moossnahmen nozedenken am Beräich Handels- an Europapolitik. Ech kinnt mer do zum Beispiel virstellen, fir der Tierkei Virbäitrëttshëllefen ze sträichen. Oder och fir déi ugeduechte Visaliberalisatiounen op Äis ze leeën. „Fünf Milliarden Euro an die Türkei – für eine diplomatische Fiktion“, huet schon am August 2016 d’Welt geschriwwen. Appeller jiddefalls, Här Ausseminister, gi net méi duer!

Ganz besonnesch ass et dann awer, wann de Wirtschaftsminister an engem Moment vu sou opgewullte Bezéiungen seng Mission économique oprechterhält. Wann an der Türkei all Dag op e Neits Menscherechter mat Féiss getrëppelt ginn an alliéiert Memberstaaten als Nazi a Faschisten tituléiert ginn, kann et eiser Meenung no kee Business as usual ginn. Dat emsou méi, well d’Europäesch Unioun dobäi ass, verschidde Wirtschaftshëllefe fir dëst Land ze sträichen.

Dem Faas de Bueden ausgeschloen huet awer eng Remarque vum tierkesche Wirtschaftsminister, déin den Här Schneider an engem Interview rapportéiert huet, nämlech datt de 16. Abrëll rëm alles an der Rei wier an d’Wirtschaftsbezéiungen rëm op engem normale Niveau wieren. Wéi zynesch muss e Politiker sinn, wann e sech drop freet, datt d’Demokratei ofgeschaaf gëtt, fir duerno rëm zur normaler Business-Uerdnung iwwerzegoen. An dësem Kontext giff et mech iwwregens interesséieren, wat fir Zousoën eise Wirtschaftsminister sengem tierkeschen Homolog a Saachen Zollofkommes gemaach huet.

Ech kommen awer och, Här President, net derlaanscht d’Fro vun der Reaktioun och am Kontext vun den EU-Bäitrëttsverhandlungen ze analyséieren. Dës Beitrëttsverhandlungen sinn de facto um Enn. Nët offiziell, an dat opwuel d’Europäescht Parlament am November vum leschte Joer d’Aussetzung vun dësen Verhandlungen gefuerdert hat.  Mee, mat der Eskalatioun aus de leschten Deeg a Wochen ass hei en Akt vun enger absurder Inszéneierung erreecht:

ofgeleente Landegenehmegungen, op d’Grenz eskortéiert Ministeren, ëmstellte Konsulater, an ëmmer méi schrill verbal Attacken vun Ankara hunn an der Zwëschenzäit Fakten geschaaf. Op do nach eng formell Rootsdécisioun vun der EU nogeliwwert gëtt, ass eigentlech schon egal. Trotzdem begréisse mir, datt mëttlerweil souguer eisen Ausseminister lues awer sécher d’Gedold ze verléieren schéngt. Dat wier iwwregens och iwwerfälleg, wann eis Aussepolitik hier Werte-Kohärenz soll behaalen!

An d’Europäesch Unioun, dir Dammen an dir Hären, wäert d’Ofschaafung vun der Demokratie an der Tiirkei leider net verhënneren kënnen, allerdéngs muss sie drop ëntwerten. E viirleelegt, wa net souguer e formellt Enn vun den Bäitrettsverhandlungen mat der Türkei ass dofir fir eis onauswäichlech. Et muss Schluss sinn, mat där Appeasement-Politik géintiwwer dem Här Erdogan a senger Regierung. D’Europäësch Unioun ass gefuerdert, hei kloër Kant ze weisen.

Här Prësident,

ech kommen domadden zum 2. Punkt vu menger Interventioun:

D’Situatioun an de Vereenegte Staaten mat dem nei gewielte Prësident Donald Trump. Gudd zwee Méint no der Amtsaféierung vun dësem Prësident ass Europa nach ëmmer am Gang, Äntwerten op déi nei Situatioun ze sichen. Wann et nämlech eng Konstant an de leschte vergaangenen 70 Joer ginn huet, dann ass et d’Ënnerstetzung vun den Vereenegten Staaten an hiere successive Prësidente fir d’Iddi vun der europäescher Integratioun.

Fir d’éischt an der rezenter Geschicht vun de Vereengte Staaten mecht dës Administratioun eng 180 Grad Kéier, andeems de President seet, hie géif sech mat ganzer Kraaft fir d’Opléisung vun dëser Europäecher Unioun asetzen. Dat ass sou net ze toleréieren. A scho guer net ënner Frënn! Dës Veronsëcherung, déi esou Aussoen mat sech bréngen, huet nët nëmmen d‘politesch Welt an Europa, awer och déi wirtschafltech Welt erfaast.

Dëst alles – léif Kolleginnen a Kollegen, mir kommen net derlanscht, der Realitéit an d’Aaen ze kucken – bedeit, datt déi sougenannte Pax Americana, déi säit 70 Joer den gesamten europäësche Kontinent viru Krich geschützt huet, zousehends u Bedeitung an un friddenstëfftender Wierkung riskéiert, ze verléieren.

D’Fro, déi een hei allerdéngs muss opwerfen, ass op dee Wee an den Isolationismus, déi jo och vum President Trump massif als Wahlkampf-Argument benotzt ginn ass, éiweg wäert undaueren, well en eigentlech de wirtschaftlechen Interessiën an de strategëschen Instinkter vun enger maritimer Weltmuecht krass widdersprëcht.

An hei kënnt da nach déi nei Politik vun der Administratioun Trump dobäi, déi mam „America first“ – dat hudd Dir Här Ausseminister  jo och kritiséiert – drop erausleeft, datt jiddferengen d’Recht ofgeschwat gëtt, vu baussen sech direkt oder indirekt an amerikanesch Affairen anzemëschen.

Allerdéngs wäert den Här Trump matt dëser Attitude vill Leit virun de Kapp stoussen, dëst souguer bis a seng eegen Partei eran, well et hei schlussendlech em d’Fundamenter vun der amerikanescher Demokratie an Diplomatie geet. Déi international Bezéihungen, d’Enerstëtzung vun den Alliéierten, d’Verteidegung vun de Mënscherechter, alles dat sinn genau dës Fundamenter. A wann den Här Trump a seng Administratioun dat haut net méi wëlle wëssen, musse mir sie vläicht ëmmer erëm drun erënneren.

Déi fir mech fundamental Fro, déi sech an de nächsten Wochen a Méint an de Bezéihungen zu Washington wäert stellen, ass déi, op Europa et fäerdeg wäert bréngen, dem President Trump seng Grenzen opzezeechnen a besonnesch op Europa de politesche Wëllen huet, weider eis westlech Werter weltwäit och ouni oder zumindest mat manner Hëllef vun den Amerikaner ze verdeedegen.

Dëst setzt allerdéngs viraus, datt Europa an d’Europäësch Unioun vill méi no zesummeréckelen an sech selwer net vum Trump-Virus, deen iwwregens villes mam Brexit-Virus gemeinsam huet, ustieche loossen. Bei allem Pessimismus a Skeptisismus, deen ee kann hunn, wann een de Positionnement vum Här Trump gesäit, gëtt et dach een Element, wat mech trotzdeem e bëssen optimistesch stëmmt.

Ech si nämlech dovun iwwerzeegt, datt dem Här Trump seng Achillessehn seng Wirtschaftspolitik ass. A lues a lues wäerten all déi Wieler, déi massiv fir hien gestëmmt hunn, mierken datt si déi eischt sinn, déi ënnert senger Ofschottungspolitik wäerten leiden. An dëss Mënsche wäerte séier mierken, datt et sech nët em „Fake News“ handelt, wann se dann hir Arbechtsplaatze verléieren.

Här President,

mir sollen dofir als Europäer an europäesch Politiker e kille Kapp behaalen an nët iwerréagéieren. Awer mir sollen och erwächen an d’Wahl vum Här Trump als Wake Up Call wouerhuelen!

E gudd Beispill vun sou enger Attitude huet déi däitsch Bundeskanzlerin virun e puer Deeg bei Geleeënheet vun hierer Untrëttsvisite beim President Trump ginn, wou se op eng cool a gefaassten Art a Weis op en deelweist apaart Behuelen vun dësem réagéiert huet.

Trump hin oder Trumphier: zur Atlantescher Allianz, zur Westlecher Wertegemeinschaft, zur Kooperatioun tëschent Demokratien gëtt et och an Zukunft keng Alternativ. Duerfir bleiwt fir eis och an Trump- a Brexit-Zäiten déi Atlantesch Allianz dat demokratescht Réckgrat vun den Internationale Bezéiungen. Allerdings musse mir an dësem Réckgrat déi europäesch Wirbelen méi staark maachen, fir déi international Uerdnung net nach weider aus dem Gläichgewiecht ze werfen.

Här President,

ech kommen dann op meng Rees an eng Régioun, déi leider schons aus dem Gläichgewiecht ass: de Noen Osten, fir d‘éischt a Syrien. D’Tragédie vun Aleppo ass a sech d‘Symbol vun enger komplett verfeelter Aussepolitik vum gesammte Westen.

Et kann een d’Situatioun vun Alepo e bësse vergläichen mam Fiasko vun Suez 1956, wou eng franséisch-iraelesch-britesch Koalitioun militäresch an Egypten intervenéiert huet, nodeem de President Nasser de Kanal vu Suez nationaliséiert hat, iert en forcéiert ginn ass sech zeréckzezéihen ënnert dem Drock vun den Amerikaner an der Sowjetunioun. Dëss Episode aus der Neierer Geschicht weist iwwregens, datt et ëmmer gudd ass wa Groussmuechte mateneen schwëtzen! An dozou gehéiert ëmmer och Russland.

A sech stellt Aleppo den Echec vun der westlecher Politik, déi virun allem geleed gëtt vu moraleschen an ethesche Kritèren, déi sécherlech luewenswert sinn, mee déi am Fall vun Syrien nët fonctionnéiert hunn. D’Resultat ass, datt elo Russland zesummen mam Iran all Kaarten a Syrien an der Hand huet. Mee Aleppo ass virun allem eng Bankrotterkläerung vun de Vereente Natiounen déi an dësem Dossier komplett versot hunn.

Wat ass a Syrien dann eigentlech falsch gelaaf?

De fréieren franséischen Aussenminister Hubert Védrine huet virun enger Rei vun Deeg an engem Interview am Monde eng excellent Analyse vun der Situatioun gemaach, eng Analyse déi ech par ailleurs zu honnert Prozent déelen.

De gesamten Westen, souwuel d’Amerikaner wéi och Europa hätten vun Ufank un kloër missen soen, wat se wéilten:

entweder sech anzegestoen, datt se nët déi noutwendeg militäresch  Moyenën an och d’Légitimitéit hunn, fir an dësem Konflikt ze intervenéieren. Dëst hätt als Konsequenz gehat fir sech drop ze limitéieren, a Syrien a ronderëm massiv humanitär Hëllef ze leeschten.

Déi aner Optioun wier déi gewiecht, fir mat alle Mëttelen  d’Demokratie a Syrien duerchzesetzen, wat bedeit hätt, datt d‘Westlech Allianz sech hätt missen déi militäresch, finanziell an politesch Moyennë ginn, an dat hätt notamment geheescht, datt een iwwer Joeren hätt missen massiv Buedemtruppen an dat Land schécken.

Leider konnt déi westlech Allianz sech weder fir déi eng nach fir déi aner Optioun entscheeden an si hu während Joeren d’Oppositioun vum President Assad gleewe geloss, datt si op eng massiv Ennerstetzung vum Westen kënnten zielen.

Här President,

Dobäi kommen nach zwee aner Fehler déi begaangen gi sinn.

Fir d’alleréischt deen den Chrëschten an Syrien an am Libanon nët nozelauschteren, déi ëmmer rem dofir gewarnt hunn, datt zwar de Régime vum President Assad e grausamen wäer, deen deen eventuell op den Assad géing nofolgen awer nach vill mei schlemm kéint sinn.

Zweetens huet de Westen fälschlecherweis ugeholl, datt Russland géif hier eenzeg d’Base Navale zu Tartous faalen lossen an nët dofir eng militäresch Interventioun a Syrien agoen.

Awer och den President Obama huet sech an dësem Konflikt nët mat Glanz bekleckert andeem en fir d’eischt eng sougenannten roud Linn opgezeechent huet, déi nämlech iwwert d’Benotzen vun chemeschen Waffen am August 2013, an dann iwerhapt nët réagéiert huet wéi dës chemesch Waffen an den Asaz koumen. Dëst as wuel deen graavsten Fehler an dësem Konflikt gewéiescht. Soft- an Hardpower gehéieren eben ëmmer zesummen an der Aussepolitik.

Wéi geet et elo virun an Syrien?

Momentan huet de Regime vum President Assad mat der aktiver Hëllef vun Russland an dem Iran sech stabiliséiert an kontrolléiert grouss Deeler vu Syrien. D’Oppositioun gëtt et an deem Sënn net méi, an déi eenzeg, déi  nach géint de Regime vum Assad kämpfen, sinn den Islameschen Staat an Ofleeër vun Al-Qaida, déi secherlech och kéng reeël Regierungsoptioun an dësem Land duerstellen.

Et muss een allerdéngs positiv festhalen, datt a verschiddenen Deeler vu Syrien, notamment och zu Aleppo, d’Situatioun sech berouegd huet an et zu engem deelweisen Erëmopbau kënnt.

An der Europäëscher Unioun bleiwt elo just, humanitär Hëllef ze leeschten an och beim Erëmopbau vun deem zerstéierten Land ze hëllefen. Et wier nämlech net gudd, wann een dës humanitär Hëllefen alleng Russland an dem Iran géif iwwerloossen.

Ech hu gesot, datt d’Situatioun vun Syrien symptomatesch fir e groussen Deel vum Mëttleren Orient ass, den am Gaangen ass sech virun eisen Aan opzeléisen. Vum Arabesche Fréijoer jiddefalls ass leider net alle ze vill iwwreg bliwwen.

Et muss ee dann och feststellen, datt kéng vun de regionalen Muechten, weder den iraneschen Regime, nach Saudi-Arabien an och d’Tiirkei sech hei duerchgesaat wäerte kréien. Dobäi kënnt déi komplett chaotesch Situatioun an Lybien, déi iwwregens duerch eng falsch verstaanen Interventiounspolitik vum Westen zoustaane kommen ass.

Och hei ass déi politesch Situatioun méi wéi onduerchsiechteg, well d’Autoritéit vum Premier Fajis Sarradsch, deen offiziell vun den Vereente Natiounen an der westlecher Welt ënnerstezt gëtt, a Fro gestallt gëtt vum Generol Khalifa Haftar, deen den Osten vun Lybien kontrolléiert, an dee wahrscheinlech dee mächtegste Mann an Lybien ass, ouni deen keng politesch Stabilitéit an dësem Land méiglech ass.

Wann ee wees, wéi wichteg Lybien am Kontext vun der Flüchtlingspolitik ass, muss een déi Situatioun mat Suerg kucken, an et muss vun der internationaler Communautéit alles versicht ginn, fir d’Sträitparteien un een Dësch ze kréien, wat allerdéngs, vu déi historesch Antécédentën, net einfach wäert ginn.

Einfach wäert et och nët ginn, déi vun der Europäescher Unioun envisagéiert Flüchtlingszentren a Lybien opzebauen, ouni e Minimum vun politescher a militärescher Stabilitéit. A selbstverständlech och aus humanitärer Siecht. Mir deelen do Äer Suergen, Häer Ausseminister.

Här Prësident,

wann ech am Noen Osten sinn, och e Wuert zum Jemen, wou déi zwou regional Muechten Iran a Saudi-Arabien sech e brutale Krich liwweren, dee riskéiert och zu engem nächste Flüchtlingsstroum ze féieren.

Här Ausseminister,Dir hudd hei gëscht gesot, datt et am Noen Osten net primär ëm Relioun, mee ëm politesch Muechtspiller geet. Dësst ass allerdengs nëmmen hallef richteg, well de radikalen Islam besonnesch an dësem Deel vun der Welt an de leschte Joeren en immensen Opschwong erliewt huet.

An da sinn ech och schon bei Saudi-Arabien, wou ech net derlaanscht kommen, nach eng Kéier op d’Expansiounspolitik vun dësem Land anzegoen, wat versicht den radikalen Wahabismus nët nëmmen am Nohen Osten duerchzesetzen, mee och an aner Deeler vun der Welt an eben och an de Westen ze exportéieren.

Iwwerhaapt mecht de Virmarsch vum radikalen Islan net nëmmen an der arabescher Welt villen Observateuren grouss Suergen. Méi geféierlech a mengen Aaën ass, datt de radikalen Islam sech eben net just rasant an däer klassescher arabescher Welt verbreet, mee och a Länner wéi Bosnien-Herzegovina, de Seychellen, dem Sudan an och an Indonesien. A net ze vergiessen iwwert den Internet och bei de Konvertiten an der westlecher Welt. Insofern sinn territorial Victoiren géint den IS zwar ze begréissen. Mee den Dschihadismus brauch haut leider keen Territoire méi, fir sech auszebreeden.

Ech mengen iwwerhaapt, datt de Kampf géint de radikalen Islam eng vun de gréissten Erausfuerderungen an de nächste Joere wäert ginn. Ech bedaueren och, datt den Ausseminister op dëse wichtegen Aspekt vun der Aussepolitik mat kengem Wuert agaangen ass!

Ech kommen dann och nët derlaanscht, déi westlech Politik géintiwwer dësem Land hei kuerz ze thématiseieren. Do gëtt et op der enger Säit déi fir mech total inacceptabel Waffeliwwerungen vun Däitschland, Frankräich an och Amerika, un Saudi-Arabien, déi Waffen, déi notamment dozou dengen am Jemen bluddeg Kricher ze féieren. Dëst Land ass dann och nët onschëlleg un dëser opgewulltener Situatioun am Mëttleren Orient, an dréit virun allem substantiell zu enger Radikaliséierung vun engem wuessenden Deel vun Muslimen weltweit bei.

Ech si jiddefalls nohalteg der Iwwerzeegung, datt de Westen a ganz besonneg d’Europäesch Unioun hier Relatiounen mat Saudiarabien mussen fundamental iwwerdenken, och wann dat secherlech nët ouni wirtschftlech Konsequenzen wäert bleiwen. Mir wäerten de Phänomen vum radikalen Islam och soulang nët an de Greff kreien, wéi de Wahabismus offiziell Staatsreligioun vun dësem Land ass.

Här Prësident,

et géif nach vill zu der Situatioun am Mëttleren Orient ze soen gin, notamment wat de Konflikt Israel-Palästina ugeet, wou et leider och nët vill positiv Perspektiven ginn, wann ech sou mol kucken, wat déi nei Allianzen ugeet, déi am Gaang sinn, sech do ze bilden.

Mir haten hei an der Chamber jo zwou Motiounen gestëmmt, iwwert déi prinzipiell Unerkennung vu Palästina, déi bis elo vun der Regierung nach nët ëmgesaat gi sinn. Ech well och nach eng Kéier drop hiweisen, datt am Geigesaz zu där Motioun vun der Majoritéit, eis Motioun ganz kloer drop hiweist, dat eng Unerkennung vun Palästina nëmmen dann kann erfollegen, wann den Hamas kloer d’Existenzrecht vun Israel unerkennt. Dat ass manifestement nach emmer nët de Fall, sou datt mir a sech hei d’Attitude vun der Regierung begréissen, momentan Palästina als eegestännege Staat nach nët unzeerkennen. Allerdengs hu mer och hei missen zumindest ënnerschiddlech Nuancen tëschent dem Aussen- an dem Staatsministère feststellen, wat der Saach sécherlech net denglech ass.

Erlaabt mir awer, Här Prësident, an dësem Kontext e wéineg d’Eesäitegkeet vun den Aussoën ze kritiséieren, déi den Ausseminister och gëschter op dëser Plaz zum Nohost-Konflikt gemaach huet. Et war nees just eng eenzeg grouss Israel-Kritik! Ouni een eenzegt Wuert vu Kritik un d’Adress vun de Palästinenser. A besonnesch un d’Adress vum Hamas. Dobäi kritisiéiert och Amnesty, déi jo net am Verdacht stinn, besonnesch Israel-frëndlech ze sinn, ëmmer erëm d’Verstéiss géint d’Mënscherechter am Gazasträifen, déi massiv an de leschte Méint zougeholl hunn. Vun Terroraktiounen géint Israel net ze schwätzen. Mir kritiséieren och, wéi Dir Här Ausseminister, d’Siedlungspolitik vum Här Netanjahu. Awer grad am Noen Osten muss een ëmmer mat zwee Aaën kucken, wann ee wëll eng Zwou-Staate-Léisung erreechen! Nëmmen sou kann een deux poids an deux mesures verhënneren!

Ech well méng Ausféierungen iwwert de Nohen Osten awer nët ophaalen, ouni nach eng Kéier op déi dramatesch Situatioun vun den reliéisen an ethnesche Minoritéiten, an hei an éischter Linn de Chrëschten an de Jesiden hinzeweisen. Wat hei geschitt ass, ass net méi an net manner, wéi e Genozid, deen direkt muss gestoppt ginn, mee deen och muss strofrechtlech Konsequenzen kréien virum internationalen Strofgerichtshaff, wëll hei geet et em Verbriechen géint d‘Menschlechkeet.

Ech géif an dësem Kontext och wellen eisen Aussenminister invitéieren, alles Méiglechst ze ënnerhuelen, an all Initiativen an dësem Kontext ze ennerstetzen. Mengen Informatiounen no gëtt et iwwrigens hei eng UN-Initiativ vun der britescher Regierung. An et wäer gudd, wann d’Lëtzebuerger Regierung dës géif mat Nohalt ënnerstetzen.

Erlaabt mir awer nach dobäizefügen, datt ech mir an der Saach vun de Jesiden, Här Ausseminister, och vun Iech e Wuert vu Condamnatioun gewënscht hätt!

Här President,

ech wll dann geographesch virufueren an op den afrikaneschen Kontinent goen. An do e kuerzen Zwëschenstopp am Maghreb maachen. Fir d’éischt wëll ech hei déi positiv Effortën ënnersträichen, déi vun der tunesischer Regierung a Richtung méi Demokratiséierung op d‘Gleise gesat ginn.

Tunesien ass säit dem Arabesche Fréijoer eigentlech dat eenzegt Land, wat et fäerdeg bruecht huet, am Usaz eng Rei vun Reformen unzepaken a gläichzäiteg d’Stabilitéit ze wahren. Och wann nach lang nët alles perfekt ass.

Ech plädéieren dofir och, datt d’Europäesch Unioun massiv dëst Land ënnerstetzt, ganz besonneg op wirtschaftleschem Plang. Mir mussen hei Zeeche setzen!

Par contre ass d’Nopeschland vun Tunesien, Algerien, wäit eweg vun den ehemolege Fréijoersgefiller, an hei sinn mer nach ëmmer am décke kaale Wanter. An dat fir eng länger Zäicht nach.

Den aktuelle President Bouteflika ass méi doud, wéi lieweg. An d’Fro, déi een sech muss stellen ass déi, wéi et mat dësem Land virugeet, sollt eppes mam President geschéien. E weidert Libyen gëllt et jiddefalls ze verhënneren!

Här President,

Wat elo déi politesch Situatioun um Rescht vum afrikaneschen Kontinent ubetrëfft, si virun allem zwee Länner, déi momentan Suergen man: dat eent ass de Mali, wou Boko Haram nach ëmmer eng Rei vun  Regiounen vum Land kontrolléiert, an op däer anerer Säit de Sudan, wou eng forcéiert Islamiséierung durchgesaat gëtt, mam Resultat, datt an dem Land nach mei Flüchtlingsstréim wäerte sech an Bewegung setzen.

Virun allem awer, Här President, stellt sech d’Situatioun vun Afrika awer och am Kontext vun der Flüchtlingsproblematik. Aan do stellt sech virun allem dann déi Fro, wat et Europa kascht, fir dat d’Flüchtlingen nët bis an Europa kommen, mee wa méiglech an hiren Heemechtslänner bleiwen.

Ënnert dem Mantel vu enger neier Noperschafts- an Entwecklungspolitik, soll also lo alles ënnerhol ginn. fir déi Flüchtlingsstréim aus Afrika massiv ze bremsen, an d’Kommissioun an déi maltesesch Rotspresidentschaft hunn dann och en 10-Punkteplang virgeschloen. D’EU ass dobäi hier Afrikapolitik grondleegend ze veränneren.

Dozou verschidden Iwerleeungen:

Eng ass déi, datt wat d’Good Gouvernance an deene meeschten afrikaneschen Länner ugeet, mer meilenwäit vun deene Standardën eweg sinn, déi mir kënnen. Dobäi kënnt eng total auswuchernd Korruptioun, déi mecht, datt ganz vill Entwécklungsgelder an doubiéise Kanäl verschwannen.

Fir mech an meng Fraktioun ass et dofir eng conditio sine qua non vun all effizienter Kooperatiounspolitik, datt mer mussen dëse Länner hëllefen, hiër Gouvernance aneschters ze organiséieren a sech heiviir strenge Kritèren ze ënnerwerfen a gläichzäiteg méi proaktiv an effizient d’Korruptioun bekämpfen.

Fir eis ass et dofir onbedéngt noutwendeg, datt korrupt Regenten an deene Länner, sech systematesch mussen dofir virum Internationale Stroofgerichtshaff zu Den Haag veräentwerten.

Mir kënnen nët alleng, dëse Länner d’Strofverfolgung iwwerloossen, mee an Zukunft muss all Land, wat vun Entwécklungshellef profitéiert, och d‘Zoustännegkeet vun Den Haag unerkennen.

Déi zweet Konditioun ass déi, datt obschon Afrika u sech e gudde  Wuesstum  an de leschte Joeren kannt huet, dat duerchschnëttlecht Pro-Kapp-Akommen erofgangen ass. An hei ass dann och déi gréissten Tragédie vun Afrika: nämlech déi, vun enger zevill gerénger Produktivitéit.

Här President,

Wat awer virun allem um afrikaneschen Kontinent gebraucht gëtt, si modern Entreprisen, déi hei investéieren!

Leider Gottes feelt et do un deenen entspriechenden Infrastrukturen an et ass dann och dëst en Haaptgrond, wat potentiell Investisseuren dovun ofhält, sech an dëse Länner ze engagéieren.

Ech wëll dann haut an hei net op déi do Thematik agoen, well dat éischter sollt den Objet vun enger Debatt iwwert Entwéklungspolitik sinn. Nach mengen ech awer, datt mer déi ganz Problematik vun der Flüchtlingspolitik aus den afrikanesche Länner net an de Grëff wäerte kréien, ouni eng adaptéiert a wesentlech méi performant Entwéklungspolitik, déi sech och méi no de Besoin’en vun dëse Länner riicht.

Hei muss een einfach unerkennen, datt deen europäeschen Agrarprotektionismus dozou féiert, datt et fir déi afrikanesch Agrarwirtschaft ëmmer méi schwéier gëtt, fir ze iwwerliewen. An dofir muss Europa seng Handelspolitik ganz besonnesch vis-à-vis vum afrikanesche Kontinent nei orientéieren, ganz besonnesch um Niveau vun der Agrarpolitik. D’EU muss hei géigesteieren an zukünfteg Hëllefen vun de regionale Progrèsën ofhängeg maachen.

Ech wëll an dësem Kontext awer hei och den Opruff vum UN-Generalsekretär Guterres fir méi akut Hongerhëllef ausdrécklech ënnerstëtzen. Primär wéinst eise Werter. Awer och wéinst eisen Interessen. An Aussepolitik funktionéiert ëmmer am beschten, wa Werter an Interessen Hand an Hand ginn!

Här President,

e puer Wierder awer och zu der Situatioun vum fräien Handel.

Virum Hannergronn vun eventuellen protektionnisteschen Mesuren vun der Trump-Administratioun wäert dat e Sujet ginn, deen eis an de nächsten Méint méi intensiv wäert beschäftegen.

Wäerte mir an an Zukunft och erem op de Wee vu bilateralen Ofkommen mat eenzelne Länner goen oder bleiwt de Multilateralismus, sou wéi en an der Welthandelsorganisatioun viirgesinn ass, nach ëmmer d’Mooss vun allen Denger?

Et mengt een jo, et wäer een am falsche Film geland, wann elo d’Weltmuecht USA grad wéi iwwregens China a Richtung net méi vun engem fräien Handel, mee vun engem gelenkten Handel wëllen goen.

D’Fro déi een sech allerdéngs muss stellen, wat dat Ganzt dann iwwerhaapt nach mat Marktwirtschaft am wäite Sënn vum Wuert ze dinn huet.

D’Fro déi d’Europäësch Unioun sech muss stellen, ass datt wa Washington weider op enger protektionnistscher Wirtschaftspolitik surft, Europa net muss méi a Richtung Asien a virun allem hei a Richtung China an domadden de südpazifësche Raum kucken.

Et wier strategesch net gudd, wa mir dëse riesege Wirtschaftraum anere géifen iwwerlossen.

Doriwwer eraus, Här Prësident, stellt sech dann awer och d’Fro, wéi et an Zukunft mat der Welthandelsorganisatioun WTO virugeet.

Ech hat virun e puer Deeg d’Geleeënheet, d’Chamber am Comité de pilotage vun der WTO ze représentéieren an ech kann Iech soen, datt d’Ängschte grouss sinn, datt ënnert dem Drock vun den Amerikaner, méi Länner riskéieren, ewëg vum Multilateralismus a Richtung Bilateralismus ze schwenken.

An hei muss een sech ganz gutt iwwerleeën, mat wat fir engen Argumenter een d’Länner kann iwerzeegen, weider am Boot vum Multilateralismus an domadden vun der Welthandelsorganisatioun ze goen.

Meng Zäit demëtten léist et net zou, mech méi intensiv matt dëse wesentleche Froen ze beschäefftegen. Ech wéilt dat awer am Kader vun enger Aktualitéitsdébatt an de nächsten Wochen nohuelen.

Här President,

ech hätt de Mëtten nach iwwert eng ganz Reih vu Sujetën kënne schwëtzen, notamment iwwert de Konflikt zwëschent Russland an der Ukrain wou ee leider muss feststellen, datt d’Accorden vu Minsk nach emer net emgesaat sinn. Ech deelen hei Är Aschätzung vu Gravitéit an och vum Leed vun de Leit, Här Ausseminister!

D’Situatioun an der Ukrain ass dann och weider ugespaant, suwuel wat déi wirtschafltech Entwécklung awer och d’Gouvernance vun dësem Staat ubetrëfft.

Ech bleiwen och nohalteg der Meenung, datt d’Europäësch Unioun weider den Drock op Moskau wéi awer och op Kiew muss héich haalen, fir datt op béide Säiten déi respektiv Engagementer respektéiert ginn!

Ech hätt och kënnen iwwer d‘Konflikter am Südchinesesche Mier virun allem tëschent China an dem Vietnam an och zum Deel mat Japan schwëtzen.

Hei ass och am Gaang, e Konflikt erunzeschwielen iwwer deen an den internationale Medien net vill geschwat gëtt, deen awer fir den weltwäiten Equiliber net ongefléierlech ass.

Dat Selwecht gëllt méi nach fir déi schwiereg Lag a Nordkorea. Hei ass méi wéi je de konstruktvien Dialog mat China noutwendeg, fir d’Situatioun ze entspaanen.

Et ginn secherlech elo nach eng ganz Reih vu geopolitesch schwierege Situatioun, wéi déi notamment um Balkan, wou och nach ëmmer e Polferfaass ënnert dem Buedem läit, wat riskéiert all Moment ze explodéieren. Duerfir ass et och hei wichteg, net nach weider ze zündelen!

Ech well mech awer zum Schluss vu menger Interpellatioun erëm a Richtung Europäesch Unioun zeréck bewegen, wëll och do si mer wäit ewesch vun enger idelaer Situatioun.

Här Prësident,

Ech hat a menger Aleedung schon vun Ungarn a Polen geschwat: zwee Länner, an deenen demokratësch Grondrechter am Gaange sinn, ofgebaut ze ginn.

Besonnesch d’Siutatioun a Polen, wat am Gaangen ass, sech komplett an der Unioun ze isoléieren, ass Besuergnis ereegend.

An engem Land, wat emol eng Kéier mat Solidarnosc déi mächtegst Fräiheetsbeweegung géint déi kommunistesch Ennerdreckung kannt huet, ginn all Dag demokratesch Rechter ofgebaut.

Sou ass de facto d‘Verfaassungsgeriicht lahm geluecht ginn. An och d’Pressefräiheet ass net méi komplett garantéiert.

Wat mech awer am meeschten schockéiert ass, datt a verschiddenen nationalkonservativen Kreeser a Polen Antisemitismus beschtefalls nach als Kavaléiersdélikt ugesi gëtt.

A Polen, wéi iwregens och an Ungarn ginn europäësch Wäerter leider ëmmer manner respektéiert. An dat ass et wat mir als Europäësch Unioun net kënnen a net dierfen einfach esou acceptéieren. Mee mir mussen – wéi scho gesot – eis Kritik ënner EU-Partner an diplomatesch un de Mann brengen!

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

wann ech vun Ungarn a Polen schwetzen, sinn ech dann och erem mëtten an der Europäëscher Unioun – mir vergiessen ze dacks, datt d’Mëtt net onbedengt am Weste läit! – an ech wëll dann och meng Interventioun ofschléissen, mat der Zukunft vun dëser Unioun.

Well mer an deenen nächste Woche eng méi fundamental Diskussioun iwert dës Zukunft kréien, wäert ech mech haut op verschidden generell Observatiounen beschränken a bewosst net am Detail an eng Post-Brexit-Szenariosdebatt eraklammen.

Ech hat meng Ried ugefaangen, andeems ech drop higewisen hunn, datt Demokratie net selbstverstänlech ass, mee all Dag erëm muss dofir gekämpft ginn. Fonktionnéiert se dann op eemol, gëtt se sech ganz dem Alldag hinn a léisst aus verständleche Grënn all Heroismus hannert sech.

All EU-Sommet beweist ëmmer erëm, datt se eigentlech net drop ausgeluecht ass, fir an engem historëschen Bewosstsäin Grousses an Ugrëff ze huelen. Trotz engem stännege Kriisemanagement feelt der Unioun oft d’Gespier, fir d’Stonn vun der grousser Gefoor an dem, wat dann onbedengt gemaach muss ginn.

Well Europa eben virun allem e Friddensprojet ass, huet se fir de Krich net viirgesuergt. Dat ass secherlech sympatesch, awer och zum Deel naiv gewiecht.

Elo an haut steet d’EU wahrscheinlech virun hierer bis elo gréisster Erausfuerderung. Se muss sech wierderfest maachen fir eng Zäit vun kummuléierte Kriisen, jo souguer Katastrofen.

A leider Gottes ass et esou, datt all déi Gremien an déi divers Sommeeën dofir net méi duerginn.

D’EU brauch einfach e Moment fir emol erem Otem ze huelen an iwwer d’Zukunft nozedenken. A bei all deem Otem huelen, muss ee sech bewosst sinn, datt e Scheiteren haut leider net méi ganz ondenkbar ass.

Zur Verantwortlechkeet gehéiert et haut och nei Weeër fir e post EU-Europa ze entwerfen. Mee bei allen Diskussiounen iwwer dëst zukünftegt musse mer emer erem 2 Uertschaften an eisem Gediechniss behaalen:

Schengen a Maastricht!

déi Symboler fir déi zwee gréisste Projeeën, déi d’EU sech jeemols viirgeholl hat:

d’Ofschafung vun de Grenzen an d’Afféierung vun enger gemeinsamer Währung, wat haut nach ëmmer innovativ Iddiën sinn. A wat iwwregens am Käer och näischt aneschders war an ass, wéi e sougenannt Käereuropa. Mir mussen also just op däer realpolitescher Pist weiderfueren, déi och funktionnéiert! Awer mir mussen dat och mat vill Diplomatie géintiwwer eisen osteuropäesche Partner maachen!

Allerdéngs fir datt dës Iddiën fonktionnéieren, musse gewësse Regelen agehaale ginn:

An zwar ween eng gemeinsam Währung huet, muss och fir d’Stabilitéit vun däer gemeinsamer Währung suergen. Ouni iwwregens de Wuestum vun der Wirtschaft ze vergiessen. Duerfir heescht den entspriechende Pakt Stabilitéits- a Wuestumspakt!

A wee gemeinsam ouni Grenze liewe wëllt, muss zesummen seng Aussegrenzen schützen a bei der europawäiter bannenzëschter Secherheet zesumme schaffen.

Mir mussen eis allerdéngs agestoen, datt dës Reegelen net ëmmer respektéiert gi sinn an dat esou wuel fir d’Maastricht-Kritèren, wéi och déi vum Schutz vun de Baussegrenzen.

Dëst ass lang gutt gaangen, allerdéngs och well et nie zu engem Härtetest komm ass.

Wéi de Maastricht-System an de Schenge-System ënner Drock komm sinn, ass Europa vun där enger an déi aner Kriis gefall.

D’Staatsscholdekris hat bal d’Enn vun Euro bruecht an d’Flüchtlingskris bal d’Enn vu Schengen, a nach sinn déi béid Krisen net définitiv geléisst an iwwerwonnen.

Fir meng Fraktioun a fir mech selwer bleiwen souwuel de Schengeraum an den Euro Acquisën, déi musse bestoë bleiwen an ouni déi mir eis keen Europa kënne virstellen.

Allerdéngs mussen si op engem secheren Fundament gebaut ginn, nämlech nëmmen dann si se staark genuch, fir verdeedegt ze ginn a verdeedegt ginn mussen se all Dag ëmmer erem.

Här President,

loost mech awer ofschléissen mat deem wat eigentlech den Haaptgrond vun eisem Zesummenliewen an Europa ausmecht, nämlech eis Wäerter.

Mir si nämlech méi wéi e Bannemaart oder eng gemeinsam Währung an den Erfolleg vun Europa ass virun allem deen, datt dës Wäerter, wéi Fräiheet, Fridden, Fortschrëtt, Gläichheet déi sinn, vun deenen nach ëmmer ganz vill Mënschen dreemen. Wann och net ëmmer bei eis heiheem!

Ech menge net, datt mir an Europa keng Dreem méi hunn a bei aller berechtegter Kritik déi ee kann un Europa a sengem Fonktionnement hunn, loosse mer nie vergiessen, datt déi Wärter dat wertvollst sinn, wat mer u zufünkfteg Generatiounen kënne weiderginn!

Grad a besonnesch och déi vun Iech, Här Ausseminister, gëschter ugeschwaate Solidaritéit, un däer et am Moment ganz besonnesch an eiser Unioun fehlt. An ouni dëss Solidaritéit kann et weder eng politesch nach eng sozial Unioun, un déi och mir gleewe, ginn!

Awer dëss Solidaritéit huet och eng aussepolitesch Dimensioun: wëll wéi wëll eis Unioun eis gespléckte Welt beieneen féieren, wann et selwer gespléckt ass. Hei musse mer also weider intensiv schaffen. No bannen. Awer och no baussen!

Dir hudd da gëscht, Här Ausseminister, mat Kafka opgehaal a mat him gesot, datt d’Liggen eigentlech haut zur Weltuerdnung gi wier.

Ech wëll haut och mam Kafka schléissen. Awer mat méi engem optimistesch e Kafka:

„Die Träumenden und die Wünschenden halten den feineren Stoff des Lebens in den Händen.“

Et ass aus dësem feine Stoff vun der Hoffnung, aus dem mir alleguer zesummen d’Zukunft zesummebitze mussen! An engem Europa, awer och an enger Welt, déi méi wéi je Dreem a Perspektive brauch!

Ech soen Iech merci fir Äer Opmierksamkeet.