Gel temporaire des négociations d’adhésion en cours avec la Turquie


PDF: Discours Mosar Résolution Turquie

Här President,

Dir Damen an Dir Hären,

Virun gutt 3 Wochen hu mer hei an der Chamber à l’Unanimité eng Resolutioun zu der Situatioun an der Tierkei ugeholl.

Gläichzäiteg as eis Resolutioun iwwert d’ Afréieren vun den Bäitrëttsgespréicher vun der Majoritéit ofgeleent ginn.

Mir hun eis dozou entschloss eng nei Resolutioun eran ze brengen déi nach eng Kéier freet dat des Bäitrëttsgespréicher op Eis solle gelued ginn.

Des Resolutioun ass Wuert genau déi di vun enger iwerweltecher Majoritéit am Europaparlament ugeholl ginn ass.

Firwat Här President des nei Initiative ?

Mir stellen fest dat sech d’ Situatioun an der Tierkei all Daach verschlechtert an den Här Erdogan sech ëmmer méi weit vun den Wäerter vun enger europäescher Unioun ewech beweegt.

100 000 Staatsbeamten sinn aus dem Staatsdéngscht entlooss ginn. Dorënner Riichter, Memberen vun der Arméi an der Police, awer och vill Oppositiounsdeputéierten, die einfach mol esou ouni weideren Prozess verhaft gin sin.

Doniewent besteet d’ Meenungsfräiheet an Pressefräiheet just nach um Pabeier an international Journalistenverbänn schwätzen am Kontext vun der Tierkei vum gréissten Prisong op der Welt fir Journalisten.

Ech well hei net weider op die deelweis dramatesch Situatioun vun de kurdeschen Minoriteite an der Tierkei hinweisen, wou verschidden Menschenrechtsorganisatiounen schon vun Horrorzenarien schwätzen.

An als Kiischt op de Kuch proposéiert den Här Erdogan erëm d’ Afeierung vun der Doudesstrof an well donirwend d’ Staatsgrenzen, esou wei se an de Verträg vun Lausanne festgeluecht sinn, an Fro stellen.

Mir sinn also weit ewech vun deem wat den Attatürk eng Kéier als dei grouss Ambitioun vun der tierkescher Republik defineiert hat, nämlech Fridden doheem an Fridden an der Welt.

Här President,

Tierkei beweegt sech säit enger Rei vun Joren ewech vun der EU an dat ass einfach eng Realitéit där mir eis alleguerten mussen stellen.

D‘Situatioun huet sech allerdengs an den leschten Wochen emmer méi zougespëtzt.

D’Regierung Erdogan ass am Gaang mat allen demokrateschen Wäerter ze briechen an steiert schnurstracks an eng Diktatur.

Et muss een wessen dat et eigentlech dem Här Erdogan nëmmen em den Erhalt an den Ausbau vun senger eegener Muecht geet, an säin Verhalen ass net eng Reaktioun op e Putschversuch, mee as selwer een Putsch géint Demokratie.

Trotz onzählechen Warnungen vun héchsten EU Vertrieder fiert den Här Erdogan konsequent  firun mad deser Politik déi längst den Wee vun der Rechtsstaatlechkeet verloos huet.

Wat fir eis awer en absoluten No-Go ass, dat ass di Aart an Weis wei europäesch Spëtzepolitiker vun hieren Homologen an der Tierkei erniddregt ginn, wei mer dat bei enger rezenter Visite vum däitschen Ausseminister Steinmeier leider hun missten feststellen.

Dofir as fir dei iwerweltecht Majoritéit vun den Europadeputéierten graad esou wei fir meng Fraktioun den „point de non-retour“ iwwerschratt.

All Gespréicher mam Här Erdogan hunn d‘ EU bis elo keen Millimeter weiderbruecht, am contraire. Den Här Erdogan setzt sech iwer all rechtstaatlech Prinzipien wieder ewech an mecht alles fir d‘ europäesch Unioun ze provozeieren an lächerlech zemaan.

Mir sinn dofir, graad ewei d‘ Europaparlement, der Meenung dat mer der Türkei eng staark Antwert mussen ginn an dat kann fir eis nëmmen elo mol en Stopp vun den Bäitrëttsverhandlungen sinn.

Alles Aneschtes wier en Anknecken virun den Erpressungsversich vun der Erdogan Regierung an domadden verbonnen, och en substantiellen Verloscht vun der Glafwierdegkeet vun der europäescher Unioun an hieren eenzelnen Memberstaaten.

Mee en Stopp vun den Bäitrëttsverhandlung Här President, bedeit fir eis weder en Ofbroch nach en Enn vum Dialog mad der Tierkei.

Au Contraire, mir sinn nohalteg der Meenung dat en Dialog op villen Niveaue mad desem Land an senger Regierung muss virun gefeiert muss ginn, sierf dat an der Nato, am Conseil de l’Europe, am Kader vum Flüchtlingsaccord deen d‘ EU mad der Tierkei ofgeschloss huet, an last but not least, am Kontext vum accord douanier deen am Moment verhandelt gett.

Ech deelen dofir och net d’ Meenung vum Här Ausseminister dat en Stopp vun den Bäitrëttsverhandlung gläichzäiteg en Stopp vum Dialog ma der Tierkei an hierer Regierung géif bedeiten.

Mir sin just, graad esou wie d‘ Europaparlament, der Meenung dat d’ Bäitrëttsverhandlungen zu desem Moment keng glafwierdeg Grondlag méi hunn an dat mir se net  kennen firun feieren ouni den Risk vun engem Verloscht vun eiser Glafwierdegkeet.

Europa brauch weider Tierkei als Partner, esou wei d‘Tierkei Europa als Partner brauch, allerdéngs setzt eng gutt Partnerschaft en éierlechen Emgang, een mat deem aneren, viraus.

Mir plädéieren dofir eichter fir erem op de Wee zereck zekommen vun engem éierlechen Dialog zwëschen der europäescher Unioun an der Tierkei, ewei Bäitrëttsverhandlungen am Moment weider zefeieren, déi esou oder esou ni wäerten zu engem positiven Ofschloss, zumindestens an deenen nächsten Joren, kommen.

Mir soen Jo zu engem Dialog mad der Tierkei.

Mee mir soen awer graad esou kloer Nee zu weideren Bäitrëttsverhandlung, daat zumindest esou laang bis daat Land an seng Regierung erem den Wee vun der Rechtsstaatlechkeet erëm fonnt huet.

Fir eis sin Menschenrechter keng eidel Wieder an mir wellen eis och nach Muer kenne an den Spigel kuken. Dofir keen aaneren Choix wei d‘ Bäitrëttsverhandlung elo mol op Eis ze leen.

Et geet hei em eng Fro vun der Glafwierdegkeet vun der europäescher Unioun awer och vun jidderengem Eenzelnen vun eis selwer.

Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.