D’Chamberried vum Gilles Roth am Resumé

  1. Zum Steiertarif: Mir wëlle méi sozial Gerechtegkeet

D’Neigestaltung vum Steiertarif kënnt de Virstellunge vun der CSV entgéint. De Mëttelstandsbockel gëtt iwwert den Tarif ofgeflaacht. Leit mat méi nidderegem Akommes gi méi entlaascht wéinst der Verdueblung vun de Steierkrediter.

Am Sënn vu méi sozialer Gerechtegkeet schléit d’CSV vir, de steierbefreiten Aganksbetrag – also den Montant wou een ufänkt Steieren ze bezuelen –  vun elo 11.265 op 12.000 Euro pro Joer erop ze setzen.

Domat bezilt een méi spéit Steieren. Dëst bedeit ee Plus besonnesch fir Leit mat klengem Akommes. Vun dëser Moossnahm profitéiert awer duerch d’Steiertabell jiddwereen dee Steiere bezilt. Och de Spëtzeverdénger. Dee brauch den Avantage an eisen Aen awer net. Dofir wëlle mir dass d’Spëtzesteiersäz vun 41% an 42% éischter ewéi am Regierungsmodell zum droe kommen.

Mir fannen et net ubruecht fir Leit mat engem Akommes vu 500.000 Euro Joeresverdéngscht, dat sinn méi ewéi 40.000 Euro Pei de Mount an engem Stot, nach mat 1.500 Euro eleng iwwert den Tarif ze entlaaschten.

Duerfir schléit d’CSV vir, dat de Spëtzesteiersaz vun 41% respektiv 42% bei 125.000 Euro an der Steierklass 1 (dat sinn 250.000 Euro an der Steierklass 2) respektiv 150.000 Euro (dat sinn 300.000 Euro an engem Stot) solle festgeluecht ginn.


  1. Kloren Nee zum Regime vun de „Stock options”: Keng ongerecht Kaddoe méi

Sozial ongerecht fënnt d’CSV den Unfug dee bedriwwe gëtt mat der Steiercirculaire iwwert déi sougenannte „Stock  options“ : Geschate Steierausfall fir d’Allgemengheet bis zu 300 Milliounen Euro d’Joer.

D’CSV verlaangt, dat dës Steiercirculaire ofgeschaf gëtt.

Iwwert den „Stock options“-Regime“bezuelen sech Honnerte wann net mëttlerweil Dausende Kadren, Dirigeanten, Cheffe  vun Entreprisen, jo zum Deel och sougenannte Fräiberuffler eng Partie vun hirem Joresgehalt net als Pei, mee als Verspriechen op Aktien.

Dës gi mat forfaitaire 17,5% besteiert. Dat heescht konkret, deejéinegen, deen sech eng Joeresprimme vun 100.000 Euro elo viru Chrëschtdag iwwert den „Stock options“-Regime ausbezuele léisst, behält dovu ronn 83.000 Euro netto.

De Salarié, Beamten, Fonctionnaire deen 4.000 Euro als dräizéngte Mount Brutto kritt, an nom normale Barème besteiert gëtt, behält dovu ronn 2.000 Euro.

 

  1. De finanziellen Impakt total ënnerschat:

Wat kascht dës Reform?

D’CSV fënnt d’Divergenzen iwwert den Käschtepunkt vun dëser Steierreform dach een staarkt Stéck! 373 Milliounen Euro mengt de  Finanzminister fir d’Joer 2017. 829 Milliounen Euro seet d’lëtzebuerger  Zentralbank.

Firwat huet de Finanzminister seng Zuelen net iwwerpréiwe gelooss iert hien den Gesetzprojet deponéiert huet?

Firwat ass dat net geschitt obschonns d’Zentralbank schonn am Ufank drop higewisen huet, dass de Käschtepunkt vun der Steierreform 1,5 Prozent vum BIP wier?

Wisou bréngen zwou ënnerschiddlech Berechnungsmethoden esou grouss Ënnerscheeder? Aus enger käschtenneutraler Steierreform gëtt opeemol eng Reform déi 829 Milliounen Euro kascht!

 

  1. Steiervirdeeler op Déngschtween: Akafswäert limitéieren Elektromobilitéit fir jiddereen

D’CSV fënnt dat Element gutt, dass an Zukunft d’Steiervirdeeler fir Déngschtween un een Bonus/ Malus -System gekoppelt sinn vun C02-Emissiounen.

Mä d’CSV wär méi wäit gaangen. Mir hätten den Steiervirdeel insgesamt op Betribsautoen limitéiert bis zu engem maximalen Akafswäert vun 80.000 Euro.

Sozialgerecht ass och net, dass an Zukunft een Abattement vun 5.000 Euro fir Elektroautoen agefouert gëtt, 300 € fir een Elektrovelo. Heivunner profitéiert de Spëtzeverdénger am meeschten. De Staat leet him 2.000 Euro netto bei säin Elektroauto bäi. De Mindestlounbezéier an déi 40% vu Leit déi keng Akommessteier bezuelen hunn dovu glat näischt. Fir d’CSV sollt jiddwereen – op Aarbechter, Dokter, Affekot oder Bankdirekter deen sech een Elektroauto keeft d’selwecht behandelt ginn. Mir schloen dofir fir, de Kaf vun engem Auto generell mat engem uniforme Subsid vun zum Beispill 2.000 Euro ze ënnerstëtzen.

D’CSV hätt kee Problem fir an Zukunft d’Kilometerpauschal esou ze agencéieren, dass déi éischt 6 km, amplaz elo déi éischt 4 km net géingen a Betruecht gezu ginn.

Vun der Kilometerpauschal profitéiert souwisou nëmmen deen, de Steiere bezilt. Wann een manner ewéi 6 km vu senger Aarbechtsplaz ewech wunnt, da kann een a Ballungszentren och méi op den ëffentlechen Transport zréckgräifen.

 

  1. Reform vun der Grondsteier: Eng sozial gerecht Mesure

D’CSV steet zu hirem Walprogramm.

D’CSV ass der Meenung dass eng Upassung no uewe vun der Grondsteier een Plus wier un  sozialer Gerechtegkeet. Eng éischt Immobilie déi als Eegenheem genotzt gëtt, sollt vun engem  Abattement profitéieren.

Een deen Immobilien am Wäert vun zeg Milliounen Euro huet, muss och bereet sinn, der Allgemengheet eppes méi iwwert de Wee vun der Grondsteier ofzeginn.

Mir sinn fir eng Reform vun der Grondsteier déi den reelle Wäerter vun den Immobilië Rechnung dréit.

 

  1. Nee zur Ierfschaftssteier an direkter Linn

D’CSV ass géint eng Ierfschaftssteier an direkter Linn. Et sollt een awer den Tarif vun der Ierfschaftssteier op de Lescht huelen. Deen ass zanter 1984, also méi ewéi 30 Joer net méi ugepasst ginn.

Dat wat Leit dobaussen net wëssen ass, dass wann een ierft ouni Verwandschaftsgrad, jee no Wäert vun der Immobilie, bis zu 48% Steieren ufalen.

Haut liewen – besonnesch am Alter – awer oft Leit zesummen ouni Verwandschaftsgrad well si dat opgrond vun hirer Liewensvergangenheet villäicht net wëllen. An dat sollt een respektéieren!

An wann dann iwwert Testament verierft gëtt, kënnt et dacks zu béisen Iwwerraschungen.

Firwat? Mä de Wäert vun Immobilië vun 1984 ass net vergläichbar mam Wäert vun haut, an da kënnt een ganz séier op héich Besteierungssäz.

Et ass dofir d’Suggestioun vun der CSV fir mat den Vertrieder vum Enregistrement dëse Problem an Rou ze kucken an dës Tabell punktuell ze ajustéieren.

 

  1. Individualbesteierung: Genee Opklärung muss sinn

D’CSV fënnt d’Idee vun der optionaler Individualbesteierung gutt! Et geet awer net duer fir ze soen,  doduerch ass eis Steierreform modern.

Et wier gutt, wann d’Leit mat einfache Beispiller iwwert de Regime vun der optionaler Besteierung-seng Vir an Nodeeler- géifen informéiert ginn, zum Beispill den Internetsite vun der Steierverwaltung.

 

  1. Steierklass 1a: Iwwergangszäit vun 3 op 5 Joer verlängeren

Dëse Regime ass agefouert gi fir Leit, déi gescheet goufen a Kanner à charge haten. Firwat deemools dës nei Kategorie? Mee well et virdrun zu Abuse koum, dass Leit sech scheede gelooss hunn an awer zesumme gewunnt hunn well si an deem Fall Allenzwee an enger Koppel- trotz Scheedung- vun der Steiermoderatioun fir d’Kanner weider konnte profitéieren. Esou hate sie enorm steierlech Avantagen.

Steierechtlech gesi misst ët eigentlech just d’Klass 1 an d’Klass 2 ginn. Deemools war d’Klass 1a ënnert politeschem Drock als Zwëscheléisung agefouert ginn. Elo ginn ët mëttlerweil awer enorm vill Leit, déi Elengerzéier sinn an an der 1a besteiert ginn.

Doniewent och nach all d’Wittleit, déi 3 Joer nom Doud vun hirem Partner  vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1a falen.

Dëst ass een sensibele Sujet. Eng richteg Gerechtegkeet fënnt een net!

De Gesetzprojet gesäit eng Rei Adaptatiounen am Interessi vun den Elengerzéier vir. Dës ginn an déi richteg Richtung.

D’CSV proposéiert doriwwer eraus d’Iwwergankszäit vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1a vun 3 op 5 Joer ze verlängeren.

 

  1. Gläichbehandlung vu Residenten an Frontalieren

De Gesetzprojet gesäit eng Rei Ännerunge vir um Niveau vun der Besteierung vun den sougenannten „non résidents“. Betraff sinn direkt oder indirekt eng ronn 160.000 Frontalieren. Richteg ass, dass an der Vergaangenheet eng Rei Upassungen um Besteierungsregime gemaach goufe fir am Aklang mat der europäescher Rechtsspriechung ze sinn. Ähnlech ewéi iwwregens fir Familljenzoulagen a Studiebäihëllefen déi och an d’Ausland exportéiert ginn.

Dorops si Situatiounen entstane wou een Frontalieren heiansdo méi favorabel besteiert ginn ass, ewéi eng vergläichbar Situatioun zu Lëtzebuerg. Dës gëtt elo corrigéiert.

D’CSV steet zu enger Gläichbehandlung vu Frontalieren an Lëtzebuerger. Et däerf net zu enger Diskriminatioun kommen, mee och net zu enger sougenannter Discrimination a Rebours wou Frontalieren een Avantage hätten par rapport zu de Lëtzebuerger.

 

  1. Steierbedruch ass kee Kavaléiersdelikt

D’CSV dréit déi nei Strofbestëmmungen mat, wouduerch an Zukunft nieft der sougenannter „escroquerie fiscale“ och eng „fraude fiscale aggravée“ an d’Strofrecht fält, dat heescht wann een méi wéi 25% vun deene Steiere strëppt, déi eigentlech geschöld sinn. Den neie Regime ass kloer.

D’CSV begréisst an dem Kontext ausdrécklech dem Finanzminister seng Efforten op internationalem Plang fir méi Transparenz am Austausch vu Steierinformatiounen. D’Zäiten hu sech geännert.

Eist Land, eis Finanzplaz, ass prett fir sech deenen neien Ufuerderungen ze stellen.

 

  1. Zënsen an Dividenden d’selwecht forfaitaire besteieren

Den Taux vun der Zënsbesteierung fir Leit, déi hei zu Lëtzebuerg wunne geet vun 10% elo op 20% an d’Luucht. Dat heescht konkret dass een bei engem Zënssaz vun 1% an engem gespuerte Kapital vu 25.000 Euro un, 20% Steieren op den Zënsen ofgehal kritt. Dës Moossnahm trëfft virun allem Klengspuerer, déi net an déi sougenannten „produits structurés“ investéieren. Well do fält keng Steier un. Eng Alternativ wier gewiescht de Besteierungssystem vun Zënsen an Dividenden unzegläichen an zum Beispill Zënsen an Dividendë forfaitaire mat 15% ze besteieren.

 

  1. Ofsetze vu Scholdzënsen: Fir punktuell Upassung beim Wunnengsbau

D’Unhiewe vun den Plafonge fir steierlecht Ofsetze vun den Scholdzënsen an dem Wunnengsbau, respektiv vun den Zousazversécherungen dréit d’CSV mat. Beim Wunnengsbau hätte mir eis kënne virstellen, dass d’Frist wou een d’Scholdzënsen nëmme méi plafonnéiert kënn ofsetze, schonns ufänkt ze lafe wann de Prêt liquidéiert gëtt, an net eréischt wann een d’Haus bewunnt.

Dëst aus sozialer Gerechtegkeet! Een, deen d’Méiglechkeet huet fir net mussen direkt an säin neit Haus eran ze plënneren, sëtzt esou laang nämlech sämtlech Scholdzënsen of. Leit, déi sech net parallel 2 Wunnenge kënne leschten, kënnen dat net.

 

  1. Betribsbesteierung: Oppassen op d’Kompetitivitéit!

Wat d’Betribsbesteierung ugeet ginn d’Adaptatiounen déi gemaach ginn an d’Richtung vun de Fuerderunge vum Secteur, op dat den „amortissement accéléré“ betrëfft, d’Transmissioun vun den Entreprisen, d’Eropsetze vun der „bonification à l’investissement“, déi progressiv Ofsenkung vun dem Tarif.

D’CSV dréit dës Bestëmmunge mat. Et muss sécher gestallt ginn, dass et um Niveau vun der Transmissioun vun den Entreprisen zu kengen Abuse kënnt.

Bei dem Eropsetze vun der Mindeststeier fir Betriber gi mir dervun aus, dass dat och ënnert dem Aspekt vun den Auswierkungen op d’Kompetitivitéit vun eisem Land gekuckt ginn  ass.

Zousätzlech Propositiounen zum Sujet Betribsbesteierung huet CSV an der Debat iwwert Kompetitivitéit gemaach.

 

  1. Abattementer: Den „déchet fiscal” am Ae behalen

Eng Rei Upassunge goufe gemaach um Plang vun den sougenannte Sonderausgaben e.a. manner steierlech Ofsetzbarkeet vun den Scholdzënsen op den Konsumkrediter, méi steierlech Ofsetzbarkeet vun den privaten Zousazversécherungen.  Déi fënnt een gutt oder net. Si sinn vun der Regierung motivéiert. Dës Motivatioun kënne mir novollzéien.

Generell ass d’CSV der Meenung, dass d’Chamber sollt all Joers een genaue Rapport kréien iwwert den Déchet fiscal vun den eenzelnen Abattementen an engem schrëftlechen Evaluéierungsbericht deen den Budgetsdokumenter géing bäigefügt ginn.