Kënne Lëtzebuerger Banke perséinlech Donnéeë vu Cliente weider ginn ?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden mir lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Wéi RTL gemellt huet, sollen an Zukunft Lëtzebuerger Banken perséinlech Donnéeë vun hire Clienten un aner Entreprisen dierfe weiderginn, och wann déi am Ausland sinn. Et geet drëm fir verschidde Servicer auszelageren, wouduerch verschidde Banken méi rentabel schaffe kéinten. Dovu betraff wieren net nëmmen d’Nimm an d’Adressen vu Clienteën, mä och z.B. de Solde vun hire Konten.

An dem Zesummenhang wéilte mir dem Här Finanzminister folgend Froe stellen:

  • Wat huet et mat dësem Virstouss op sech ?
  • Kann d’Regierung de makroekonomeschen Impakt vun där Decisioun ofschätze?
  • Wéi passt dës Decisioun an d’Fintec-Strategie vun der Regierung (wann d’Banken, den IT-Beräich an Zukunft auslageren)?
  • Wéi en Impakt huet dës Decisioun op eisen Aarbechtsmaart?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Diane Adehm                                                     Gilles Roth

Deputéiert                                                       Deputéierten

 

 

Zréck