CSJ Presidentin iwwer Digitaliséierung, gratis ëffentlechen Transport a Brexit

Am Kader vun de fräien Tribunen um Radio schwätzt d’CSJ Presidentin Elisabeth Margue iwwert d’Digitaliséierung, eng vun de Prioritéiten vun der chrëschtlech sozialer Jugend. Donieft fuerdert d’CSJ de gratis ëffentlechen Transport och fir Studenten. De Brexit ass ee weider Sujet an der Emissioun, déi der hei nach eng Kéier kënnt lauschteren.