Nationalkongress 2016: Fotogalerie

D’CSV huet op hirem Nationalkongress e staarkt a geschlossent Bild ofginn. Eng Partei mat engem klore Kompass. Am Mëttelpunkt stoung d’Unhuele vun der Aktualiséierung vum Grondsazprogramm “Jidder Eenzelen zielt”, déi vun enger Kommissioun ënnert der Leedung vun de Deputéierte Françoise Hetto-Gaasch a Serge Wilmes ausgeschafft gouf. Och goufen d’Membere vum zweete Joergang vum Nowuessförderprogramm presentéiert. Als international Gäscht konnten e.a. d’Ministerpresidentin aus dem Saarland an d’CDU-Landesvorsitzende, Annegret Kramp-Karrenbauer, ewéi och de Generalsekretär vun der CDU Rheinland-Pfalz, Patrick Schnieder, begréisst ginn.

E weidere Schwéierpunkt vum Kongress waren d’Wahlen vun engem neien Nationalcomité. Domadder huet de Kongress déi Equipe bestëmmt, déi d’Wahljoeren, déi elo ustinn, wäerte virbereeden. D’Parteiexekutif ass dobäi vun den iwwer 370 Nationaldelegéierte méi wéi däitlech confirméiert ginn: 92,6 % fir de Parteipresident Marc Spautz, 93,46 % fir de Generalsekretär Laurent Zeimet, 94,8 % fir d’Vizepresidentin Martine Hansen an 92,1 % fir d’Vizepresidentin Françoise Hetto-Gaasch. De Generaltresorier Georges Heirendt ass vu 97 % vun den Delegéierte gewielt ginn.

CSV-Parteispëtzt nom Kongress v.l.n.r.: Generalsekretär Laurent Zeimet, Vizepresidentin Françoise Hetto-Gaasch, Parteipresident Marc Spautz, Vizepresidentin Martine Hansen an de Generaltresorier Georges Heirendt

Als weider Memberen vum Nationalcomité goufe bestëmmt: Marthe Schmit a Fréd Ternes (Zentrum), Mia Aouadi a Serge Hoffmann (Süden), Liane Felten a Romain Osweiler (Osten), Edmée Juncker an Yves Karier (Norden).